
En Dënschdeg huet d'US-Airline United confirméiert, datt vum 2. Abrëll 2027 un deeglech Flich tëscht dem Findel an Newark, New Jersey wäerte fléien. An den Asaz kënnt een Airbus A321XLR. Am Ganze komme fir United 10 nei Destinatioune bäi. Nieft Valencia an Ibiza a Spuenien ginn och Terceira a Portugal a Marseille an Toulouse a Frankräich ugeflunn.
1999 ass fir d'lescht een Direktfluch tëscht Lëtzebuerg an den USA geflunn, deemools mat der Airline Icelandair. Och Luxair hat kuerz d'Aventure iwwert den Atlantik gewot, ma huet d'Linn no ronn 6 Méint nees agestallt. Ma zanter enger Zäit setzt sech d'US-Ambassadrice Stacey Feinberg elo scho fir een neien direkte Vol tëscht den USA a Lëtzebuerg an. D'Linn New York - Lëtzebuerg stoung zur Diskussioun. Elo ass et dann awer Newark ginn - wäit dernieft ass et net.
Newark ass déi gréisste Stad am New Jersey, dem Bundesstaat nieft New York. De Fluch soll deemno vum Findel aus op den Newark Liberty International Airport fléien. Et ass ee vun den Haapt-Fluchhafe fir d'Leit, déi op New York City oder an d'Géigend wëllen. Den Newark Liberty International Airport läit just eng 20 Kilometer vum Central Park zu New York fort.

An de soziale Medien hat United schonn e Méindeg ee Video publizéiert, an deem d'Airline Hiweiser op hir nei Summer-Destinatioune ginn huet. Am Video waren och Hiweiser op Lëtzebuerg als Destinatioun ze fannen. Op enger Plaz gëtt gesot "You just won a luxe reward break from the game" - een Hiweis op den IATA-Code vum Findel, LUX.
De ganze Communiqué vu United fannt Dir hei.
En Dënschdeg de Mëtteg huet d'Airline dann nach emol e Video verëffentlecht, wou déi verschidden Destinatiounen da verrode ginn, a si hunn och opgeléist, wéi eng verstoppten Tipps si am Video vun de Méindeg ginn hunn, fir d'Leit un d'Grübelen ze kréien.