Iwwer 25 Joer ass et schonn hier, dat d'Icelandair d'Stréck vu Lëtzebuerg aus mat Tëschestopp an Island an d'USA aus wirtschaftleche Grënn opginn huet. Am selwechte Joer hat och d'Luxair et kuerz probéiert. Ma no nëmme 6 Méint war och déi Aventure eriwwer. Zanterhier gëtt et keng Transatlantik-Flich méi vum Findel aus. Dat kéint sech awer elo änneren. Zanter déi nei US-Ambassadrice Stacey Feinberg hire Posten hei am Land iwwerholl huet, setzt si sech verstäert fir en Non-stop-Fluch vum Findel op New York an.
"Zënter ech hei ukomm si viru bal 9 Méint, ass dat fir mech eng Prioritéit. Eis zwee Länner hunn esou vill gemeinsam. Si si ganz wichteg, dat eent fir dat anert. Ech wëll et eis einfach, méi einfach maachen, eis géigesäiteg ze treffen," esou d'US-Ambassadrice. An de Kulisse gëtt also un engem Non-stop-Vol vun New York aus, Direktioun Findel geschafft. Een Atout, kéinten eventuell Douanes-Prozedure sinn, déi beim Depart schonn erleedegt géifen. En Zäitgewënn fir presséiert Businessleit.
Ma zu dësem Zäitpunkt wier et nach ze fréi, fir Detailer ze nennen, sou d'Ambassadrice Stacey Feinberg. "Déi (Detailer) wëlle mir vertraulech halen, bis eng offiziell Annonce gemaach ka ginn. Et gouf eng Rei Gespréicher iwwer Telefon an Zoom. Ugefaange mat mir selwer an dann och mam Lëtzebuerger Ambassadeur. A mir féieren dës Diskussioune weider. Well, wéi ech et gesot hunn: Et ass eng Prioritéit. A mir wëllen allebéid, datt et geschitt."
Nieft dem Tourismus, wou béid Länner profitéiere kéinten, gëtt dermat gerechent, dazt esou e Vol, mat weidere Verbindungen a grouss US-Metropole virop Businessleit unzéie wäert. D'Stacey Feinberg erkläert: "Ech schwätze mat esou vill Geschäftsleit aus Lëtzebuerg an aus den USA, déi soen, si géife méi maachen, wa se méi séier a méi einfach dohi kéinte kommen. Dat ass dat eenzegt, wat am Wee steet. D'Schwieregkeet, sech géigesäiteg ze fannen."

Hei zu Lëtzebuerg stéisst de Projet op eng positiv Resonanz. Sief et beim der der Ministesch fir Mobilitéit Yuriko Backes oder och dem Wirtschaftsminister Lex Delles: "Et vergësst ee vläicht, dass mer och verschidde Siègen, verschidden Entreprisen hei zu Lëtzebuerg hunn, déi souwuel an der Industrie wéi awer och an anere Beräicher vun eiser Ekonomie hei zu Lëtzebuerg schaffen. A grad dofir ass et wichteg, dass mer och eng direkt Connexioun hätte mat Amerika. Well et esou vill méi einfach ass, fir déi Entreprisen och kënnen ze schaffen an och kënnen do nach weider d' Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg auszebauen."
Um Findel steet de Generaldirekter vun der Luxair Gilles Feith an de Startlächer. Déi nei Streck kéint och der Nationaler Airline zegutt kommen. "Ech fannen déi Iddi wierklech gutt. Also mir si scho säit Joren am Kontakt mat amerikanesche Carrier a mir soen hinnen, datt mir als Luxair prett sinn, hinnen och ze hëllefen, esou e Marché ze developpéieren. Elo fir d'Luxair selwer ass dat elo den Ament keen Zenario. Mir hunn déi Fligeren net, déi mer do brauchen. Mee mir sinn awer ganz oppen, wa mer hei Passagéier kënnen erabréngen a mir wäerten och mat deene Compagnië wëlle kooperéieren, fir déi zum Beispill op London City oder op Berlin op all eis aner Destinatiounen ze bréngen. Dat ass eng flott Saach. Dat bréngt och zu Lëtzebuerg méi Transitpassagéier, wat de Flughafen nach méi interessant mécht."
Déi definitiv Entscheedung läit bei der US-Airline, déi de Vol an hire Programm ophuele soll. D'Diskussioune lafen.