RëmelengVerdächtege flücht viru Kontroll a ka virun der Grenz gestoppt ginn

RTL Lëtzebuerg
Wat ugangs wéi en Iwwerfall op eng Tankstell gewierkt huet, war um Enn en Asaz vun der Police, bei deem eng flüchteg Persoun gestallt ginn ass.
Zu Rëmeleng konnt e flüchtege Chauffer gestoppt ginn
© Laurent Weber

Am Kader vun enger Policekontroll hat sech zu Rëmeleng géint 18.40 Auer en Automobilist aus dem Stëbs gemaach. De Flüchtege konnt nach virun der Grenz, am Beräich vun der Tankstell beim Rond-point, gestoppt ginn. Firwat de Chauffer sech der Kontroll entzéie wollt, mussen d’Ermëttlungen nach erginn.

Éischt Meldunge vun Aenzeien, besoten Tankstell zu Rëmeleng wier iwwerfall ginn, hu sech no RTL-Récksprooch mat der Police net confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO