Zanter dem Joer 1983 ass 35 Mol eng Indextranche erfall. Déi lescht den 1. Oktober d’lescht Joer. Déi nächst kënnt nach am zweeten Trimester vun dësem Joer. De Statec geet och dovun aus, datt eng weider mat engem Ecart vu manner wéi engem Joer fälleg gëtt. Um Dënschdeg kënnt eng éischte Kéier d’Tripartite zesummen, fir iwwert déi aktuell Energiekris, d’Inflatioun an och den Index ze beroden. En Instrument, dat eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg huet a fir vill Leit fir sozial Kohesioun steet.
De Wuerekuerf
Den Index gouf den 1. Juni 1921 agefouert, deemools waren 19 liewenswichteg Produiten am Wuerekuerf, 1948 waren et der 36. Haut sinn et der ronn 8.000.
De Statec evaluéiert dësen Indice permanent, klëmmt en ëm 2,5 Prozent, klammen de Mount drop d’Salairen an aner indexéiert Leeschtungen ëm 2,5 Prozent. E Prinzip, deen den 28. Abrëll 1972 per Gesetz agefouert gouf.
Diskussioune ronderëm Index a Krisenzäiten
A Krisesituatioune gouf den Index reegelméisseg ugepasst. Bei héijer Inflatioun sollt en negativen Impakt op d’Ekonomie ofgefiedert ginn. Am Kader vun der Stolkris ugangs den 80er Joren, gouf d’"Tranche d’Avance” ofgeschaaft, wéi d’wirtschaftlech Situatioun sech verbessert huet, gouf se nees agefouert.
D’Gewerkschaften, d’Patronat an d’Regierungen aus de leschte Joren haten ëmmer nees hefteg Diskussiounen, wann eng Upassung oder Modifikatioun vum Index am Raum stoung. All Tripartite ass um Enn e Kompromëss.
Am Joer 2006 goufe beispillsweis eng Partie Accisen an Taxen op Pëtrolsproduiten aus dem Index erausgeholl. D’Prestations familiales goufen desindexéiert.
Am éischte Koalitiounsaccord vun der Regierung Bettel gouf festgehalen, datt am Prinzip nëmmen eng Index-Tranche pro Joer soll bezuelt ginn. Bei niddereger Inflatioun sollt de klassesche System nees ulafen.
Tripartite um Dënschdeg
Den Index wäert och um Dënschdegmëtteg ee vun den Haaptthemen an der Tripartite sinn. Wéi séier ee mat politeschen Entscheedunge rechne kann, bleift onkloer. Souwuel d’Patronat, wei och d’Gewerkschaften erwaarde vun der Regierung eng kloer Äntwert op déi aktuell Kris.