Dronevirfäll am SeptemberWat hat et mat den Dronen op sech? Haut kritt d'Chamber Erklärunge vun der Regierung

Joel Detaille
Direkt 4 Chamberkommissiounen kommen dowéinst um 9:30 Auer an der Plenière beieneen.

Mëtt September dëst Joer goufen zu Miedernach, a ronderëm de Findel net identifizéiert Drone gesinn, déi derfir gesuergt hunn, dass de Fluchtrafic eng Zäit laang ënnerbrach war. De Premier an den Haut-commissariat à la protection nationale haten doropshin eng staatlech Dronen-Cellule aberuff.

Bis haut ass awer net gewosst, wat et mat deenen Virfäll op sech hat.

D'Regierung wäert haut de Moien awer der Chamber Detailer liwweren. Dat hat de leschten Donneschdeg schonns den Inneminister Gloden hei op der Antenn confirméiert.  Direkt 4 Chamberkommissiounen kommen dowéinst um 9:30 Auer an der Plenière beieneen.

Back to Top
CIM LOGO