
Kuerz no 19 Auer hat en Haus zu Hierber an der Strooss Al Schmedt gebrannt. Op der Plaz waren d'Rettungsekippen aus den Asazzentre Konsdref, Manternach, Mäertert, Uesweller an Iechternach.
Kuerz virun 3 Auer stoung dann e weidert Haus a Flamen, dës Kéier an der Avenue Charlotte zu Déifferdeng. Hei war eng Warn-SMS un d'Residenten aus der Géigend erausgaangen. Op der Plaz waren nieft dem GATO an dem CGO d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng, Péiteng, Käerjeng, Schëffleng an Esch. Och dräi Ambulanze waren am Asaz, dovunner eng vun Esch an eng vu Suessem.

E weidert Feier mat déidleche Suitte gouf et dann um 2:18 Auer zu Ettelbréck an der Rue Guillaume. Méi Detailer zu dësem Asaz fannt Dir hei: