Eng Persoun schwéier blesséiertZu Hierber, Ettelbréck an Déifferdeng haten Haiser gebrannt, nees Warn-SMSe geschéckt ginn

Bakir Demic
Cédric Ferry
Marc Hoscheid
Wéinst dräi Hausbränn en Dënschdegowend an an der Nuecht op e Mëttwoch hunn d'Rettungsekippe vum CGDIS missen ausrécken.
Feier zu Ettelbréck mat engem Blesséierten
Géint 2:18 Auer hat et zu Ettelbréck an der Rue Guillaume gebrannt.

Dat éischt Feier war kuerz no 19 Auer zu Hierber an der Strooss Al Schmedt. Op der Plaz waren d'Rettungsekippen aus den Asazzentre Konsdref, Manternach, Mäertert, Uesweller an Iechternach.

E weidert Haus hat um 2:18 Auer zu Ettelbréck an der Rue Guillaume gebrannt. Hei waren d'Secouriste mat engem gréisseren Dispositif op der Plaz, dorënner de Pompjeeën aus den Asazzentren Nordstad, Colmer, Angelduerf, Miersch, Biissen a Jonglënster. Och e SAMU aus dem CHL war sur place, wéi och de Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO) an de Centre de gestion des opérations (CGO).

Wéi et op Nofro heescht, ass hei eng Persoun schwéier blesséiert ginn. Se gouf vun de Pompjeeën aus dem Gebai erausgeholl a vum SAMU en charge geholl. Eng Warn-SMS war hei un d'Leit geschéckt ginn. Stand 6:30 Auer Mëttwochmoien ass d'Feier zwar ënner Kontroll, ma nach net ganz geläscht.

Georges Comes vum CGDIS iwwert den Asaz zu Ettelbréck

Kuerz virun 3 Auer stoung dann e weidert Haus a Flamen, dës Kéier an der Avenue Charlotte zu Déifferdeng. Och hei war eng Warn-SMS erausgaangen.

© Screenshot LU-Alerte

Op der Plaz waren nieft dem GATO an dem CGO d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng, Péiteng, Käerjeng, Schëffleng an Esch. Och dräi Ambulanze waren am Asaz, dovunner eng vun Esch an eng vu Suessem.

Zu Déifferdeng war wéinst dem Feier och eng LU-Alerte erausgaangen.
Zu Déifferdeng war wéinst dem Feier och eng LU-Alerte erausgaangen.
© Cédric Ferry

Back to Top
CIM LOGO