
Ënner anerem wéinst Aussoen an eiser Emissioun „Background“ vum 23. Februar iwwert d'Juegd soll sech den Armand Clesse de 24. Juni um Dikrecher Geriicht veräntweren. De fréieren Direkter vum „Institut d'études européennes et internationales“ gouf nämlech wéinst Calomnie vun zwee Jeeër ugesicht. Ee vun hinnen ass de Marc Glesener, viregte Pressespriecher vun der Jeeërfederatioun.
De Virworf un d'Adress vum 69 Joer alen Armand Clesse ass deen, zu verschiddenen Zäitpunkten der Éier vu Jeeër geschuet ze hunn.
Den Ugesichten hätt am „Background“ vu virun eppes méi wéi 3 Méint ënner anerem gesot, sou wéi et an der Citation directe un hie steet, déi eis virläit, Zitat: „D'Juegd ass Doutmaachen, et ass Mord, well et ass geplangt. (...) D'Jeeër si Barbaren. (...) D'Juegd, dat ass d'Loscht, dout ze maachen!“ Donieft hätt de Politolog Referenz geholl op d'KZer, andeems hie gesot hätt, de Mënsch wär bestialesch bliwwen, Mënsche géintiwwer, wéi d'lescht Joerhonnert et gewisen hätt, Beispill Auschwitz, mä och géintiwwer net mënschleche Geschöpfer.
Aus deenen Aussoe géif ervirgoen, dass d'Jeeër Mäerder wären, well se mat Virsaz doutmaache géifen. A well den Armand Clesse Bezuch geholl hätt op Auschwitz, géif hien d'Juegd an d'Jeeër op deeselwechten Niveau stellen, Jeeër, déi wéi Henker aus deem Konzentratiounslager wären.
Dem Zitéierte gëtt donieft nach virgehäit, am Dezember 2013 an am November 2014 bei ëffentleche Manifestatiounen ähnlech Saache gesot ze hunn. Et géif een entspriechend Videoen op Plattforme wéi Youtube fannen. Dozou géifen d'Sätz gehéieren, Zitat: „E Jeeër ass eigentlech e Mënsch, dee psychesch amstand ass, grad sou gutt e sougenannte Mënsch wéi e sougenannt Déier ëmzebréngen. (...) De moderne Jeeër, de Fräizäitjeeër zemools, ass e renge Lusttäter, Lusttöter.“
Den Armand Clesse géif deemno bei all Geleeënheet an der Ëffentlechkeet seng beleidegend Aussoe widderhuelen a soen, d'Jeeër wäre Mäerder, déi aus purer Freed doutmaache géifen. Domat wär seng Absicht, fir de Jeeër ze schueden, beluecht, a wären déi der Veruechtung vum Public ausgesat. Dofir froen déi zwee Jeeër an der Haaptsaach all Kéiers 2.500 € Schuedenersatz.
RTL.lu: Déi ganz Emissioun vum "Background am Gespréich" vum 23. Februar