2019 koum et zu engem Accident. Zu Schued koum zum Gléck keen, ma et gouf decidéiert, d'Schwämm zouzemaachen.

Deemools gouf d'ITM op d'Plaz geruff. Effektiv war d'Schwämm no 50 Joer net méi ganz konform, sou de Pol Petry, éischte Schäffe vun der Gemeng Veianen. Amplaz se ze renovéieren, ass viru 5 Joer decidéiert ginn, d'Veianer Schwämm einfach zouzemaachen.

Zanter Juli ass d'Veianer Schwämm nees op, op d'mannst mol en Deel dovun. Mir waren eng Woch virun der Ouverture kucken, wat alles gemaach gouf a wéi eng Deeler vun der oppener Schwämm mat Vue op d’Veianer Schlass elo schonn accessibel ass.

Nach ass een net fäerdeg mat Renovéieren. De Jos Coremans vum Service technique bei der Veianer Gemeng këmmert sech ëm de Renovatiounsprojet an och ëm d'Häerz vun der Piscine, de Kontrollraum. Hien huet eis verroden, wat sech alles geännert huet.

Sou vill sief mol scho verroden: wien den Ament aus sportleche Grënn wëll op Veianen schwamme kommen, fir am grousse Baseng seng Längten ze schwammen, dee kënnt nach net op seng Käschten. D'Gemeng erhofft sech, dass d’nächst Joer de Rescht fäerdeg gëtt an dann och wäert opgoen.

Klengen Tipp: Spontan op Veianen fueren, just fir an d'Schwämm, ass den Ament och keng gutt Iddi. Et dierfe just 500 Leit gläichzäiteg um Site sinn. Et heescht also am Virfeld, seng Entrée ze reservéieren oder et muss een op der Plaz waarden, bis een oder e Grupp Leit d'Schwämm verléisst.

D'Ouvertureszeremonie mat offizielle Gäscht ass e Freideg 12. Juli.

Deel vun der Veianer Schwämm ass nees op
No 5 Joer Fermeture geet déi oppe Schwämm dëse Summer nees fir Visiteuren op.