Dëse Summer wäert et rëm méiglech sinn, zu Veianen ënner fräiem Himmel ze schwammen. D'Zuel vu Leit, déi op de Site duerfen, gëtt awer begrenzt.

Och wann d'Wieder aktuell net dono ausgesäit, mee deen nächste Summer kënnt bestëmmt. Dir sidd ee Student oder kennt ee Student, deen nach net weess, wat en an der grousser Vakanz maache soll? Da kéint een Job an der Schwämm zu Veianen genee dat richtegt fir Iech sinn. Nee, dat ass kee Witz, déi Veianer Gemeng sicht aktuell no Leit, déi op mannst 18 Joer al sinn an ee Brevet Nummer 2 hunn.

Dat kann een den éischten Ament verwonneren, well d'Schwämm ass zanter 2019 zou. Deemools war et zu engem Incident komm, deen zwar harmlos ausgaangen ass, mee och méi schlëmm Suitten hätt kéinten hunn. Als Reaktioun hat d'Inspection du travail et des mines (ITM) kuerz drop bei enger Kontroll eng ganz Rëtsch Mängel festgestallt. Relativ séier gouf zwar ee qualifizéierte Schwammmeeschter fonnt, deen ee Sécherheetskonzept ausschaffe sollt, mee déi Zesummenaarbecht hat just e puer Woche gedauert.

Déi viregt Majoritéit hat dono erkläert, d'Schwämm réischt no enger kompletter Renovatioun rëm opzemaachen. D'lescht Joer waren d'Käschten dofir op ronn 18 Milliounen Euro geschat ginn. Am Gemengewalkampf 2023 hat d'Ekipp ronderëm deen neie Buergermeeschter François Weyrich iwwerdeems erkläert, d'Schwämm schonn 2024 provisoresch rëm opmaachen ze wëllen. Op Nofro hi confirméiert de Gemengepapp, datt dat de 15. Juli effektiv de Fall wäert sinn. Déi ganz administrativ Formalitéite wiere gereegelt. Déi konkret Aarbechte sollen am Mäerz ufänken. D'Kabinnen an déi sanitär Ariichtunge ginn a Containeren ënnerbruecht. Dës géinge méi kleng ausfalen, wéi een am Ufank geduecht hat.

D'Schwämm geet awer net ganz op, mee just de 25-Meter-Becken. D'Kapazitéit gëtt dann och op 500 Persoune gedeckelt, fréier waren alt méi wéi 1.500 Persoune gläichzäiteg um Site. Fir ze evitéieren, datt Leit fir näischt op Veianen gefuer kommen, gëtt ee System ageriicht, mat deem ee seng Plaz vun doheem aus reservéiere kann. Wéi laang d'Schwämm dës Saison opbleift, wäert vum Wieder ofhänken. Wann dat gutt ass, wéilt ee sou laang wéi méiglech vum September profitéieren.

D'nächst Woch gëtt de Projet méi am Detail am Gemengerot presentéiert.