Mëttwochowend no 18 Auer am Lycée Bel-Val. Et ass roueg an der Schoul.

Do, wou all Dag Dausende vu Schüler a Schülerinnen tëscht de Klassesäll hin an hir jauwen, gesäit ee kaum e Mënsch. Hei an do erbléckst een eng Botzfra. Och e puer Erwuessener sinn am Gebai. Et ass Elterenowend.

Wei all Dag tëscht méindes a samschdes trainéieren d’"Iron Sparks" am Keller vum Lycée. Hannert dësem Numm verstoppt sech e Fitnessgrupp, dee sengesgläiche sicht. Ech hu Rendez-vous mat zwou jonken Dammen: dem Mandy Loes (33 Joer) an dem Sybille Blitgen (41 Joer). Si ginn zesummen duerch Déck an Dënn an hu virun iwwer dräi Joer dëse Club gegrënnt.

Ouni Laurent, keng Iron Sparks

De Laurent ass de Brudder vum Sybille. De jonke Mann huet Trisomie 21, och nach als Down-Syndrom bekannt. Dëst ass eng genetesch Krankheet. "Mäin Zil war et ëmmer, eng Sportcommunautéit ze fannen, wou de Laurent net hanne lénks am Eck steet". Sou d’Schwëster vum Laurent am RTL-Gespréich. Aus där Iddi eraus sinn 2021 d’"Iron Sparks" entstanen.

Inclusioun am Sport
D'Sybille Blitgen iwwer d'Iddi hannert den "Iron Sparks"

"Jiddereen ass gläich": No dësem Gedanken a Prinzip gëtt bei den "Iron Sparks" gelieft. All Mënsch, ob mat oder ouni Behënnerung, soll en Deel vun enger Gemeinschaft ginn. Bei dësem Grupp gëtt den Training de Besoine vun deene Leit no opgestallt, déi drun deelhuelen. "Zesummen trainéieren, zesummen eppes erliewen." Sou ëmschreift mir d’Mandy de Grondgedanke vun dëser Ekipp. Déi jonk Fra war fréier selwer am Leeschtungssport aktiv. Am Konschtturne war d’Mandy lizenzéiert a war och an der Nationalekipp. "De Sport ass eng grouss Passioun vu mir", sou d’Vizepresidentin vun den "Iron Sparks". "Eise Projet hu mir der Schoul virgestallt a proposéiert, dësen als pedagogescht Konzept an de Programm afléissen ze loossen." Des Iddi goung op.
 
Eng aner Passioun vum Mandy Loes ass déi Englesch Sprooch. No der Première am Escher Jongelycée 2011, gouf zu Birmingham d’Schoulbänk gedréckt. Zenter 2015 schafft si als Proff zu Esch am Lycée Guillaume Kroll. "Zwar schaffe béid Schoulen - de Guillaume Kroll an de Lycée Bel-Val - net zesummen, an awer versichen ech d’Schüler aus menger Schoul fir dëse Projet ze begeeschteren."
 

"Ëmmer do wa mer se brauchen"
D'Mandy Loes iwwer d'Leit, déi bei den "Iron Sparks" matmaachen.

Och d’Sybille Blitgen ass vun der Englescher Sprooch Féier a Flam. No der 13ième am Joer 2002 goung et nom Centre Universitaire an de Norde vu Wales. Elo hält d’Sybille am 13. Joer Schoul am Lycée Bel-Val. Dëse Lycée gefält der 41 Joer jonker Fra. "Et ass eng Schoul, déi immens schülerorientéiert schafft. Si encadréiert vill Schüler mat Léierprobleemer, Léierbehënnerungen", esou d’Engleschproff am Gespréich.

Ouni Iron Sparks, kee soziale Kontakt

Sechs Deeg an der Woch gesäit sech d’Ekipp. Et gëtt zesummen trainéiert, gegeckst, gelaacht, a villes méi. Den Zoufall wëll et, dass d’Ekipp zur Hallschent aus Validen an zur anerer Hallschent aus Leit besteet, déi spezifesch Bedürfnisser hunn. "Si zesummen erliewen Inclusioun", esou d’Sybille am RTL Interview. "Jidderee soll am selwechte Moment, déi selwecht Konditiounen hunn." Sou kréien ech de Grondgedanke vun dësem Fitnessgrupp erkläert. "An engem normale Kader wären des Mënschen ni zesummekomm. Wären ni Kolleege ginn. Mir bréngen et fäerdeg, Leit aus hiren Haiser ze kréien a sech mat anere Persounen ze treffen." Och dëse soziale Gedanke gehéiert zum Projet "Iron Sparks". D’Sybille Blitgen gëtt dann och selwer Sportscoursen am Lycée Bel-Val.

Gëtt och selwer Sportscoursen
S'Sybille Blitgen iwwer d'Zesummesetzung vu senge Klassen an den "Iron Sparks"

D’Iron Sparks geschwënn iwwer d’Grenze vu Bieles eraus?

Dräianhallef Joer gëtt et d'"Iron Sparks" zu Bieles elo. "Et wär immens flott, wa mir dëse Gedanke vun Inclusioun iwwer Bieles eraus kéinten ëmsetzen", esou zwou Fraen, déi dës Iddi liewen. An anere Géigende vum Land kéint et esou e Grupp ginn, wou d’Zesummekommen, sech zesumme fit halen, jidderee no sengem Rhythmus, kéint gelieft ginn. "Mir sinn der Meenung, dass dëst ëmsetzbar ass", esou d’Sybille. Et geet elo drëms, d’Gemengen op dëse Projet opmierksam ze maachen an d'Gemenge mat op de Wee vun der Inclusioun am Sport ze kréien.

Zil vun den Iron Sparks
Sportsclibb a Fitnesszenteren uechter d'Land solle méi inklusiv ginn.

Et gëtt antëscht och eng néi Hal gëtt gesicht. Zanter der Grënnung vun den "Iron Sparks" si si am Lycée Bel-Val doheem. Et gëtt mëttlerweil awer ëmmer méi enk hei an der Schoul. Sou ka wärend dem Wanter dacks net trainéiert ginn, well d’Wiederkonditiounen et net erlaben, dobaussen en Training ofzehalen. Och feelt et u Plaz, fir dat ganzt Material propper ënnerzebréngen. "Mir wiere frou, wa mir en néit Doheem fanne géifen", esou d’Sybille an d’Mandy. Flott wär et, wann dëst 2025 de Fall wär.

Fir wärend de Wanterméint
E Wonsch ass et och, eng Sportshal ze kréien.

Fënnef Deeg an der Woch, vu méindes bis freides, gëtt owes um 17.45 Auer um Belval trainéiert. Samschdes ass moies tëscht 10 an 11 Auer Training.
 
Mei Informatiounen zu den *Iron Sparks" kritt een op dem Internetsite www.ironsparks.com oder op Instagram (@iron_sparks_luxembourg).

De Resumé vun der Tëlee