Sport fir jiddereen – Inclusioun emol anescht
Si nenne sech "Iron Sparks" a sinn e Fitnessgrupp, dee sechsmol d'Woch Training ubitt am Lycée Belval.
U sech näischt Ongewéinleches, ma wat bei hinnen awer anescht ass: Egal ob een eng kierperlech oder mental Aschränkung huet oder net, jiddereen ass wëllkomm fir matzemaachen. D‘Iddi wier et, dass ee sech zesumme beweegt, mee och nei Kontakter schléisst an zu enger Gemeinschaft zesummewiisst. E Projet, deen d‘Sybille Blitgen an d‘Mandy Loes zesummen op d‘Been gestallt hunn. Dem Sybille hire Brudder huet Trisomie 21 a si war hiert Liewe laang domadder konfrontéiert, wéi schwiereg et fir de Laurent wier, fir Frëndschaften ze schléisse mat Leit, déi keng Behënnerung hunn. Et ass eng Win-Win-Situatioun fir jiddereen.
"De grousse Punkt, deen eben den Avantage ass, ass, dass de Laurent Deel vun eppes ass an hien als Laurent kann existéieren enzwousch, wou Leit sech net fir seng Behënnerung an deem Sënn intresséieren an hien einfach mat duerch huelen. Wat enorm flott ass, ass, dass d‘Leit dann och op säi Gebuertsdag kommen, well se Kolleege sinn, wat soss säi ganzt Liewen ni de Fall war."
An d‘ASBL, déi et elo zanter 3 Joer gëtt, huet sech dann och en neien Challenge gesat. De Weekend vum 29. an 30. Juni organiséiere si eng grouss inklusiv Kompetitioun. Déi zweetgréisste vun hirer Zort an Europa. Den Iron Showdown ass zu Zolwer am Artikuss a jiddereen ass wëllkomm.