Fléien ass nach ëmmer dat sécherst Transportmëttel
© Envato Symbolbild
Kënnt et zu enger Fligerkatastroph ass fir d'éischt emol d'Angscht bei de Leit grouss. Vill hu Bedenken, an e Fliger ze klammen.
Net méi laang an et ass grouss Vakanz. D'Kanner hunn aacht Woche Summerpaus an och sëllege Leit hei am Land huele sech an där Zäit fräi. De Gros zitt et an de Süden un d'Mier a fir dohin, muss een dann och emol an de Fliger klammen.
Besonnesch elo, nom trageschen Accident vum Air-India-Fliger en Donneschdeg 12. Juni, bei deem iwwer 240 Persounen ëm d'Liewe komm sinn, hu vill Leit Bedenken. Et war dee leschte vun enger Serie déidleche Fligerkatastrophen hannerteneen. Do ass et verständlech, dass d'Angscht virum Fléie wiisst.
E kuerzen Iwwerbléck:
- Am Januar krute sech zu Washington en Helikopter an e Fliger ze paken: 67 Doudeger
- Am Dezember d'lescht Joer ass eng Maschinn vun der Jeju Air a Südkorea vun der Landepist ofkomm, an e Pilier geknuppt an a Flamen opgaangen: 181 Persoune si gestuerwen, 2 hunn iwwerlieft
- dee selwechte Mount ass e Fliger vun der Azerbaijan Airlines erofgefall, nodeems se wuel vun enger russescher Rakéit getraff gouf. Vu 67 Persoune sinn der 38 ëmkomm, dorënner och béid Piloten an ee Fluchbegleeder
Zu anere Virfäll mat Fligere reit sech nach en Accident vum Februar an, wou zwee Fligere mateneen zu Seattle beim erarullen um Tarmac matenee kollidéiert waren. Zu Denver ass eng Maschinn vun der American Airline no der Landung a Flamen opgaangen an am Abrëll ass dann och nach e Sightseeing-Helikopter zu New York erofgefall.
© Envato Symbolbild
Fléie sou sécher wéi nach ni
Et ass verständlech, dass ee sech Gedanke mécht, ob een dann tatsächlech nach soll an d'Vakanz fléien. Tatsaach ass, Fléien ass esou sécher wéi nach ni an Accidenter sinn éischter seelen, wann och méi spektakulär. Dat erkläert och, wisou grad Tragedie mat Fligeren eis méi am Gediechtnes bleiwen. All Accident mécht d'Fléien awer och eng Grëtz méi sécher.
Experte soen, dass de Fliger huelen nach ëmmer zu de séchersten Transportméiglechkeete gehéiert. Etüden a Rankinge beleeën dëst. Heivir gi Facteure wéi d'Unzuel vun den Accidenter an Doudesfäll, d'Fluchstonne pro geflunne Kilometer, den Alter an d'Revisioune vun de Maschinne souwéi d'Erfarung an d'Ausbildung vun de Pilote verglach.
De rezentste Ranking huet AirlineRatings.com elo verëffentlecht, a Kollaboratioun mat Skyscanner, der Reservatiounsplattform fir Flich. Si hunn net just déi sécherst Fluchgesellschafte weltwäit ënnert d'Lupp geholl, ma och déi bëllegst. 385 Airlines goufen analyséiert an déi 25 bescht ervirgestrach.
Top 25 vun de séchersten Airlines
- Air New Zealand
- Qantas
- Cathay Pacific; Qatar Airways; Emirates
- Virgin Australia
- Etihad Airways
- ANA
- EVA Air
- Korean Air
- Alaska Airlines
- Turkish Airlines (THY)
- TAP Portugal
- Hawaiian Airlines
- American Airlines
- SAS
- British Airways
- Iberia
- Finnair
- Lufthansa/Swiss
- JAL
- Air Canada
- Delta Airlines
- Vietnam Airlines
- United Airlines
Der CEO Sharon Peterson no wier et immens knapp tëscht Air New Zealand a Qantas gewiescht mat just 1,50 Punkten Ënnerscheed. Bei dësen Airlines wieren d'Pilote besonnesch gutt trainéiert a si hätten déi bescht Sécherheetsstandarden, woubäi Air New Zealand déi méi jonk "Maschinerie" hätt.
Markant wier och, dass am Verglach mam Ranking vum leschte Joer, mat Iberia a Vietnam Airlines, zwou Gesellschafte ganz nei mat dobäi sinn. Donieft hätt et d'Korean Air an d'Top 10 gepackt. Allerdéngs fält och op, wie rausgeflunn ass aus dëser Lëscht. Dat si Singapore Airlines a KLM.
© Envato Symbolbild
Top 25 vun de sécherste Low-Cost-Airlines
- HK Express
- Jetstar Group
- Ryanair
- easyJet
- Frontier Airlines
- AirAsia
- Wizz Air
- VietJet Air
- Southwest AirlinesVolaris
- flydubai
- Norwegian
- Vueling
- Jet2
- Sun Country Airlines
- WestJet
- JetBlue Airways
- Air Arabia
- IndiGo
- Eurowings
- Allegiant Air
- Cebu Pacific
- ZipAir
- SKY Airline
- Air Baltic
An hei ass eng Airline besonnesch ervirzesträichen. D'HK Express, déi nach guer keen Incident ze vermierken huet, hält domat och de Rekord a puncto Sécherheet. Ganz nei an der Top-25-Lëscht sinn nach Zipair, Jet2 an Air Baltic gelant.
Wéi sécher ass Fléien dann elo?
Eng rezent Saftey-Etüd huet erginn, dass de globale Risk u Bord vun engem Fliger ze stierwen tëscht 2018 an 2022 bei ongeféier 1 zu 13,7 Millioune louch. Wann een dës Zuel mat deene vun der WHO a puncto Accidenter am Stroosseverkéier vergläicht, déi 2023 bei ronn 1,19 Milliounen. Dat entsprécht engem Taux vun zwee Doudeger pro Minutt.