Vun engem Camion op deen anere gesprongen

© Predrag Vuckovic / Red Bull Content Pool / Red Bull Content Pool via AFP
Mat engem Tsunami-Backflip ass den FMX-Weltmeeschter Luc Ackermann mat sengem Moto iwwer d'Bréck vun enger Autobunn gesprongen.
Den Däitsche Luc Ackermann ass Weltmeeschter am Freestyle-Motocross. Genee dee richtege Mann, fir dëse Stunt, dee schonn um Pabeier alles anescht wéi einfach ze realiséiere war. Alles huet genee mussen openeen ofgestëmmt sinn.
Geplangt war e Sprong vun der Remorque vun engem fuerende Camion no vir op d'Remorque vun engem zweete fuerende Camion iwwer d'Bréck vun enger Autobunn, an dat mat engem Salto hannerzeg (Tsunami-Backflip genannt). D'Vitess vun de Camionen louch bei 20km/h, wärend den Ackermann mat 54km/h huet mussen ofhiewen, fir säi Sprong de Berechnunge no ze realiséieren.
Timing a Prezisioun hu genee musse passen, fir de 40 Meter wäiten a méi wéi 9 Meter héije Sprong ze realiséieren. Um Enn huet alles geklappt, d'Freed war grouss, ënnert anerem och, well d'Landung um zweete Camion dach awer just knapp gelongen ass. Duerno ass de gewote Sprong natierlech viral gaangen op de soziale Medien: