Eng japanesch Fra an hiren 80er gouf ëm Dausenden Euro bruecht, nodeems si Online engem falschen Astronaut zum Affer gefall ass. 

D'Police huet en Dënschdeg Detailer zum Fall ginn, an deem den "Astronaut" vu sech behaapt huet, an enger "Rakéite-Kris" ze stiechen. Déi eeler Damm op der nërdlecher japanescher Insel Hokkaido huet den Onéierlechen am Juli an de Soziale Medie kennegeléiert, wou de falschen Astronaut séier hiert Vertrauen - an hir Léift - gewonnen huet.

No enger Rei Echangen huet den Onéierlechen der Fra d'Geschicht erzielt, hie wier "am Weltraum an enger Rakéit", an hie wier "ënner Attack" a géif Sauerstoff brauchen. De Kriminellen hätt déi eeler Damm dunn ënner Drock gesat, hien online ze bezuelen, esou datt hie Sauerstoff kafe kéint. Insgesamt huet hien esou ronn 1 Millioun Yen (ronn 5.700 Euro) ergaunert.

D'Fra, déi eleng wunnt, hätt mat der Zäit Gefiller fir hiren "Astronaut" entwéckelt, heescht et vu lokale Medie wéi Hokkaido Broadcasting.

Der World Bank no huet Japan déi zweeteelste Populatioun weltwäit, direkt hannert dem klenge Monaco. Eeler Leit ginn tendenziell méi heefeg Affer vun Arnaquen. Dacks maachen déi organiséiert Gruppen dobäi esou, wéi wa si zum Beispill Familljemembere wieren.