Alles iwwer Love Scams, Grooming a Sextortion

© PHILIPPE TURPIN / Photononstop / Photononstop via AFP
D'Zuele vun der Police weisen et - zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi Fäll vu Bedruch. Virop online fanne Krimineller hir Affer.
D'Initiativ Bee Secure setzt sech fir méi Sécherheet am Internet an. De Service kläert net nëmmen driwwer op, wéi een am Netz net an d'Fal vun Onéierlechen tappt, ma steet och berodend zur Säit, wann et bis geschitt ass. Mir hu mam Igor Loran vu Bee Secure iwwer sougenannten "Love Scams" geschwat.
E gebrachent Häerz deet wéi. Nach méi wéi deet et allerdéngs, wann ee vun där Persoun, an déi ee seng Hoffnunge gesat huet, och nach erpresst oder finanziell ausgenotzt gëtt. Dat kann Affer net just finanziell, ma och emotional an de Ruin dreiwen.
Net just Bedruch, ma och Erpressung
Bei Bee Secure gëtt am affektive Beräich tëscht dräi Kategorien ënnerscheet, wéi den Igor Loran erkläert: "Grooming", "NCSII" a "Sextortion".
Vu "Grooming" schwätzt een, wann een zum Beispill iwwert ee Fake-Profil mat engem (dacks mannerjäregen) Affer Kontakt ophëlt, fir sech dann iwwert ee längeren Zäitraum ëmmer méi Vertrauen opzebauen. Zil vum Täter ass dobäi op laang Siicht ee sexuellen Iwwergrëff. An extreme Fäll kann dat zum Beispill zu engem Viol féieren, ma och d'Schécke vun intime Fotoe kann d'Affer an eng geféierlech Situatioun bréngen.
Hannert dem Akronym "NCSII" verstoppt sech d'Bezeechnung "Non-consenual sharing of intimate images", also d'Deele vun intimen Inhalter ouni d'Awëllegung vun der betraffener Persoun. Dëst ass a verschiddene Fäll och eng Form vu Cyber-Mobbing, wann d'Fotoen zum Beispill an der Schoul ronderëm gewise ginn.
Wann intim Biller, Filmer oder aner Inhalter benotzt ginn, fir d'Affer op iergendeng Aart a Weis ze erpressen, schwätzt een iwwerdeems vu "Sextortion". Dobäi kann et sech zum Beispill ëm ee Racheakt vun engem Ex-Partner handelen. "Et gouf zum Beispill Fäll, wou Ex-Partner esou probéiert hunn, eng Bezéiung nees ze erzwéngen", esou den Igor Loran. Geet d'Affer net drop an, dreet den Täter oder d'Täterin dann domat, d'Inhalter zum Beispill dem Patron, Frënn, oder der Famill ze schécken.
Net ëmmer muss dat awer vu Leit ausgoen, déi ee kënnt, erkläert den Expert vu Bee Secure. Iwwer Dating-Plattforme kënnen Affer - virop jonk Männer - och dozou verleet ginn, intim Biller mat Friemen ze deelen, wat zu "Sextortion" féiere kann.
Net just mat Sex, ma och mat der Léift kënnen Onéierlecher vill Sue maachen
Bei eelere Leit ass et virun allem d'Aussiicht op eng Bezéiung, déi si oppe maache fir sougenannte "Love Scams" oder "Romance Scams", woubäi do béid Geschlechter gläichermoosse betraff sinn. "Do gëtt et villäicht Angscht virum eleng sinn oder den Dram, ee Séileverwandten ze fannen. Do kann enger Persoun schonn emol eppes virgegaukelt ginn", erkläert den Igor Loran. Och dat kann zu Sextortion féieren. Wärend eng "Sextortion" dacks verhältnesméisseg séier iwwer d'Bün geet, kënne "Love Scams" méintelaang oder souguer jorelaang goen - virun allem, wann d'Affer gutt situéiert ass.
Bei "Love Scams" täuschen d'Täter den Affer eng romantesch Bezéiung vir, fir esou hunn hir Suen ze kommen. Bis d'Affer mierken, wat mat hinne geschitt, kann et och emol e bësse méi laang daueren. "Dat ka ganz haartnäckeg sinn", verréit den Expert vu Bee Secure. "Wie verléift ass, huet d'Tendenz e bëssen an der Phantasie ze liewen." Duerch de rosaroude Brëll gesäit ee just nach déi potentiell Bezéiung, ma net onbedéngt d'Warnunge vu Frënn a Famill.
Den Ausrieden, firwat een Treffen am richtege Liewen (nach) net méiglech ass, gëtt gegleeft, wärend dacks scho grouss Zomme Suen iwwerwise ginn, fir zum Beispill een angeebleche Fluch oder medezineschen Noutfall ze bezuelen. "D'Affer probéiere sech un d'Hoffnung ze klammeren. Si denken, datt si eigentlech esou no un der Léift dru sinn, ma d'Realitéit ass - et gëtt net real", esou den Expert vu Bee Secure. Et hätt Fäll ginn, wou d'Police an d'Banke schonn ageschratt sinn, ma d'Affer nawell net gleewe wollt, datt hir auserwielte Persoun si iwwert den Dësch zeie kéint.
"Et ka sinn datt d'Affer no 15 Sekonne mierkt, datt do eng net stëmmt, et kann awer och sinn, datt dat en halleft Joer geet an d'Affer duerno mat eidelem Kont a gebrachenem Häerz do erauskënnt", seet den Expert. Deen Ament wier et wichteg, datt d'Affer ee gutt Ëmfeld huet, dat et an där Noutlag virun allem och emotional opfänkt.
Dem Igor Loran no ass et leider dacks esou, datt d'Hannermänner vun esou Bedruchsmaschen net gefaasst ginn. Trotzdeem kënnt et duerch déi international Zesummenaarbecht vun den Autoritéiten ëmmer emol nees vir, datt Täter gepëtzt a Call-Zenteren opgeléist ginn, dat zum Beispill an Osteuropa, um afrikanesche Kontinent oder och am Pazifik-Raum.
"Iban-Iwwerweisunge sinn eigentlech mat engem Numm verbonnen, dat heescht u sech ass et méiglech, nozevollzéien, wou d'Sue verschwonne sinn. D'Spuer vun de Sue ka gaange ginn. D'Fro ass, ob se och gaange gëtt", esou den Igor Loran vu Bee Secure.
Sidd Dir schonn eng Kéier Affer vun engem "Love Scam" oder enger Zort affektiver Erpressung ginn? Da mellt Iech mat Ärer Geschicht op opruff@rtl.lu.
