
Dës Begrëffer goufen am meeschte gesicht:
1. Charlie Kirk
2. Diogo Jota
3. Iran
4. Ed Gein
5. iPhone 17
6. DeepSeek
7. Ozzy Osbourne
8. Trounwiessel
9. Labubu
10. Michelle Trachtenberg
Kuckt ee reng déi Begrëffer, déi einfach generell zu Lëtzebuerg gesicht goufen, kënnt den Doud vum Charlie Kirk op déi éischte Plaz. Op Plaz Zwee läit de verstuerwene portugisesche Futtballspiller Diogo Jota, hannendrun déi geopolitesch Situatioun am Iran, d’Neflix-Serie vum Mäerder Ed Gein an den iPhone 17. Vill gesicht gouf awer och d’AI DeepSeek, den Doud vun der Metal-Legend Ozzy Osbourne, de Lëtzebuerger Trounwiessel, de Massephenomen “Labubu” an d’Schauspillerin Michelle Trachtenberg, dat d’Buffy ënnert anerem gespillt huet a méi fréi am Joer gestuerwen ass.
Stars a Bekanntheeten
Filmer a Serien
Verstuerwe Persounen
Museker
Sportlech Evenementer
Froen, déi am dackste gestallt goufen
1. Wéi halen ech Raten am beschten vun engem Holzhaus ewech?
2. Wéi erhéijen ech meng Chancen a Minecraft, de Wither ze spawnen?
3. Wéi heescht de Liewensraum vum Otter?
4. Wéi aktivéieren ech Luxtrust Mobile?
5. Wéi kann een déi hënnescht Bremskolwe vun engem Mercedes zeréckdrécken?
6. Wéi weess een, ob en Ee nach gutt ass?
7. Wéi entkallekt een eng Nespresso-Maschinn?
8. Wéi léisst een zu Ostende säi Boot an d’Waasser?
9. Wéi kritt ee Geld?
10. Wéi mécht een e Screenshot vum Ecran um PC?