Traditioun uechter d'WeltE Sprong an d‘kaalt Waasser, fir dat neit Joer ze begréissen

Fabienne Zwally
Neit Joer, al Traditiounen. Op ville Plazen op der Welt ass et e Ritual, dass een am neie Joer an d‘kaalt Waasser spréngt.
E Sprong an d‘kaalt Waasser, fir dat neit Joer ze begréissen
Neit Joer, al Traditiounen. Op ville Plazen op der Welt ass et e Ritual, dass een am neie Joer an d‘kaalt Waasser spréngt.

E Kick fir nei unzefänken an dat Aalt hannert sech ze loossen. Fir déi eng brauch et vill Iwwerwannung, fir anerer ass et d‘Symbolik vum Neiufank an och sech fräi wäsche vun allem, wat ee belaascht huet. D‘Vergaangenheet bleift an der Vergaangenheet an et kuckt een no vir an d‘Zukunft.

Zu Berlin organiséiert all Joer de Club “Berliner Seehunde” hiert Neijoersch-Evenement. Verkleet geet et hei bei äisegen Temperaturen an de Séi. Fir de Club, dee sech all Sonnde vu Mëtt September bis Enn Abrëll trëfft, ass dat heiten den Highlight vum Joer. A mat e bësse Musek an der richtege Verkleedung ass d‘Stëmmung ëmsou besser a léist ee fir e kuerzen Ament d‘Keelt vergiessen.

A Japan, zu Tokio, huet d‘Bueden an äiskalem Waasser e méi spirituellen Hannergrond. Et soll engem seng Séil propper wäschen an den Neiufank markéieren. Och zu Barcelona versammele sech all 1. Januar vum Joer Honnerte Begeeschterten, déi dat neit Joer wëlle mat engem Sprong an d‘Waasser ufänken.

Back to Top
CIM LOGO