De Franco Settanni heescht mat Virnumm am Fong Francesco. Wéi säi Bop, erzielt hien am Gespréich. Franco géing awer besser bei hie passen. "Francesco, dat war deen alen. Franco, dat ass deen neien", an domadder mengt de gebiertegen Italieener net säi Bop, mee säin alen Ech. A senger Jugend huet de Franco Settanni op der Strooss gelieft. Hie war staark drogenofhängeg, huet just nach 40 Kilo op d'Wo bruecht a war op e Rollstull ugewisen. Mental wier hie "komplett fort" gewiescht. Op der Strooss liewe war op engem gewësse Punkt einfach net méi méiglech.
Zum richtegen Ament huet hien déi richteg Persoun getraff. E Paschtouer huet him deemools gehollef. "Ech hunn eng Hand gebraucht. Eleng hätt ech et net méi gepackt." Hien hätt déi Hëllef gebraucht, fir sech dann och selwer kënnen hëllefen ze loossen. Duerno koum eng Therapie an Italien. Dat Schwéierst wier awer gewiescht, no der Therapie zeréck an d'Gesellschaft ze fannen. "Ech wollt ëmmer éierlech sinn, mee ech hu gemierkt, d'Leit hunn direkt Distanz geholl. Dat war schwéier." Wéi hien nees zu Lëtzebuerg war, wier direkt d'Police viru senger Dier gewiescht. Verschidde Momenter hätten him gewisen, dass hien an Dossieren ëmmer nach als "Toxikomane" gëllt, ouni "Ex" virdrunner. E Stigma, deen net einfach fort geet, wann ee bis eng Therapie hannert sech huet. Dat wier keng einfach Zäit gewiescht.
"Du kriss eng Etikett an déi Etikett geet net ewech mat der Therapie"
Haut huet d'Stëmm vun der Strooss de Centre Post-thérapeutique zu Schëndels. Eng Plaz, déi néideg ass, fir d'Leit ze schützen an den Iwwergank tëscht der Therapie an der Ottonormal-Gesellschaft ze maachen.
De Franco Settanni huet dee Wee zeréck fonnt. Och duerch seng Aarbecht als Benevollen am soziale Secteur. Hie wollt déi Hëllef, déi hie selwer kritt huet, weider ginn u Leit, déi se brauchen. Duerch Ausbildungen huet hie sech da qualifizéiert, fir och professionell an deem Beräich kënnen ze schaffen. Ugangs an der Drogenhëllef, wou hien dann och Leit am Zentrum zu Schëndels begleet huet. Oder Suchtkranker an d'Therapie an Italien vermëttelt huet. Hie weess, wat et heescht, duerno nees d'Liewe mussen an de Grëff ze kréien, an enger Gesellschaft, déi Ex-Toxikomanen dacks jugéiert a stigmatiséiert. Sech e ganz neit Ëmfeld opzebauen, och dobäi huet de Franco Settanni fréiere Suchtkranke gehollef.
D'Aarbecht an der Drogenhëllef hätt hien iergendwann awer desillusionéiert, seet hien. Leit, déi réckfälleg ginn, och no ganz vill Invest, dat wier schwéier auszehalen. An, dass antëscht suchtkrank Leit ënner Konditiounen de Revis kënne kréien, domadder wier hien net onbedéngt averstanen. A senger Aarbecht huet hie gemierkt, wéi wichteg et ass, dass d'Leit d'Méiglechkeet kréien, enger Aktivitéit nozegoen, fir sech valoriséiert ze fillen. Dat wier net nëmme fir suchtkrank Leit de Fall, mee ganz allgemeng am soziale Secteur. Bei der Stëmm vun der Strooss kann hien dat ëmsetzen. Esou huet hien zum Beispill e gratis Coiffer-Service an engem klenge Container vun der Gemeng an d'Liewe geruff. Den Ament schneit e Coiffer aus Syrien d'Hoer, wärend hien drop waart, dass säin Diplom unerkannt gëtt, fir um éischten Aarbechtsmarché eng Plaz kënnen ze fannen. Et sinn esou Projeten, heiansdo och onkonventionell Iddien, déi de Franco Settanni a seng Ekipp am Norde versichen, ëmzesetzen.
Zanter sechs Joer ass de Franco Settanni mëttlerweil bei der Stëmm vun der Strooss. Zu Esch huet hie knapp virun der Pandemie de Restaurant social opgebaut. Och am Norde sollten d'Servicer vun der Stëmm vun der Strooss ausgebaut ginn. Virun dräianenhalleft Joer ass hien dofir zeréck op Ettelbréck komm. Zeréck op d'Gare, eng Plaz, déi hien och mat sengem fréiere Liewen op der Strooss verbënnt. Ier et de Restaurant gouf, huet d'Stëmm op der Gare Bréidercher an Zopp ausgedeelt, mee de Besoin wier séier gewuess. Wéi de Proprietär vun engem klenge Kebab an d'Pensioun gaangen ass, huet hien der Stëmm vun der Strooss d'Lokal iwwerlooss. Nëmmen 19 Plaze ginn et hei, d'Leit mussen an zéng Minutten iessen, fir dass déi nächst fir hir waarm Molzecht kënnen erakommen.
Och wann de gebiertegen Italieener de Restaurant mat Häerzblutt geréiert, wier Iessen awer nëmmen eng Méiglechkeet fir ze hëllefen, seet hien. Mat engem méi grousse Lokal, kéint och e Sozialaarbechter agestallt ginn. Fir d'Problemer vun de Leit un der Wuerzel unzepaken. A fir och um Dësch mol Zäit ze hunn, fir mat de Clienten ze schwätzen, wa si net séier iesse mussen, fir d'Plaz nees fräi ze maachen.
"Ech si frou ze maachen, wat ech maachen. Dat freet mech all Dag"
Seng Aarbecht mécht de Franco Settanni mat villen Idealer a grousser Passioun. Hie géing de Leit hëllefen, mee d'Leit géingen och him hëllefen, seet hien. Haut huet hien e ganz anert Liewen an do wier och seng Aarbecht am soziale Milieu e wichtege Bestanddeel. "Fréier war ech eng eidel Fläsch. […] Haut hunn ech meng Fra a meng Kanner. Ech hu mer eng Famill opgebaut." Haut wéisst hie genau, wat hie wëll an hie wier all Dag frou, dat ze maachen, wat e mécht. Zanter 30 Joer ass de Franco Settanni scho clean.