
19 Plaze ginn et am Ettelbrécker Restaurant vun der Stëmm. Fir de Besoin ze decken, bräicht een der éischter 50 bis 60. Iwwer 150 Leit kommen all Dag heihinner iessen. "Et ass wéi am Restaurant", seet en Här, dee sech iwwert de schéin ugeriichten Teller freet. Dobäi kënnt, dass d'Leit hei un den Dëscher zerwéiert ginn. Well sou wéineg Plaz ass, kënnen d'Leit net all mat hirem Plateau d'Iesse siche goen, erkläert de Franco Settanni. Hie geréiert d'Servicer vun der Stëmm vun der Strooss am Norden an domadder och de Restaurant.
Dacks géingen d'Leit och nach en zweeten Teller froen oder fir owes Iesse mathuelen. Dowéinst ginn an der klenger Kichen esouguer nach méi Menue pro Dag zoubereet, wéi Leit heihinner kommen, nämlech 180. "Wann de Restaurant voll ass, mussen d'Leit dobausse waarden", esou de Franco Settanni. "Dann dierfen d'Leit erakommen an dann hu si 10 Minutten am Fong fir z'iessen. Well et ass eng kleng Plaz an dofir musse mir e Roulement maachen."
De Franco Settanni schwätzt gäre mat de Leit a kennt déi meescht och beim Numm. Well d'Lokal awer aktuell esou kleng ass, mussen d'Leit séier iessen, fir d'Plaz nees fräi ze maachen. Do bleift net vill Zäit fir e Gespréich. Op enger méi grousser Plaz kéint een eventuell och méi Hëllef ubidden, déi iwwert e Mëttegiessen erausgeet. "Mir hu keen Assistant social hei, mir hu kee Büro." Mat engem Büro kéint hien e Sozialaarbechter engagéieren, fir d'Problemer vun de Leit besser kënnen unzegoen, seet de Responsabelen. "Dat ass am Fong d'Zil."
Vill Leit kommen och effektiv net just fir z'iessen. De sozialen Aspekt spillt eng wichteg Roll. "Ech hunn op der Strooss de Kontakt mat allem verluer", erzielt e jonken Här, "bemol schwätzt kee mat der. Ech fannen dat traureg." Och aner Leit erzielen, wéi wichteg den Austausch ass. Dobäi kënnt, dass de Restaurant social et de Leit erméiglecht, Suen ze spueren, seet en aneren Här. Och wann hie schafft, géing d'Pai zum Schluss vum Mount net ëmmer duergoen. Fir de Roulement vum Restaurant ze garantéieren, schaffen eng 20 Leit den Dag vu Moies 8 Auer un. Dorënner sinn och 15 sougenannt TUCen, also Leit, déi ënnert der ADEM-Mesure vun den "Travaux d'Utilité Collective" agestallt sinn. Dorënner sinn hei zu Ettelbréck zum Beispill Refugiéen, wéi d'Helen. Fir si ass et déi éischten Aarbecht hei am Land.
Ëmmer méi dacks géingen och Kanner mat hiren Elteren an de Restaurant vun der Stëmm iesse kommen. Besonnesch an de Schoulvakanzen. Esou och op dësem Dag. Eng venezuelanesch Famill zum Beispill, déi zanter engem Mount zu Lëtzebuerg ass an Asyl ugefrot huet. D'Eltere si fir d'éischte Kéier mat hirem Bëbee hei, erzielt d'Mamm: "D'Iesse war super. Mir ware scho mol zu Hollerech, mee do duerfte mir mam Bëbee net eran. Mir krute just ugebueden, d'Iesse matzehuelen an dann hu mer an engem Park giess. Mä hei duerfte mir och mam Kand eran. Et ass vill méi kleng, mee et ass gemittlech."
Familljen a Kanner, déi vun Aarmut betraff sinn, dat wieren hei am Norde keng Eenzelfäll, esou de Franco Settanni. D'Kanner dierfen eran, wann d'Elteren dobäi sinn, erkläert hien. D'Clientèle hei zu Ettelbréck wier net aggressiv, dofir géing dat goen. Wann d'Personal mol bemierkt, dass eng Persoun zum Beispill ze vill gedronk huet a Schwieregkeete maache kéint, da gëtt se gebieden, dobaussen ze waarden, fir zum Schluss z'iessen. Bis 14:45 Auer ass de Restaurant mëttes op.
Et géing een dat Bescht versiche mat de Moyenen, déi een huet, esou nach de Responsabele Franco Settanni. Fir jidderengem ze hëllefen, deen Hëllef freet.