
Passagéier am Zuch goufe beim Accident net blesséiert. Zu Assam liewe ronn 4.000 vun de ronn 22.000 Elefanten, déi an der fräier Natur ronderëmlafen. Fënnef Waggonen vum Zuch, deen ënnerwee op New Delhi war, si beim Zusammestouss entgleist.
Déi indesch Autoritéiten hunn op spezielle Strecke Vitesslimitatiounen agefouert, déi no un Elefante-Couloire verlafen. Dëst Accident ass awer baussent esou enger Zon geschitt, sou e Porte Parole vun der indescher Eisebunn. “De Maschinist huet den Trupp Elefante bemierkt an huet direkt Noutbrems gezunn”. En Zesummestouss mat den Déieren hätt awer net konnte verhënnert ginn.
Wéinst dem Ofholze vu Bëscher a Baustellen an der Géigend vun de Liewensraim vun den Elefanten, sinn d’Déieren dacks ënnerwee an nei Gebitter fir Iessen ze fannen. Sou kënnt et ëmmer méi dacks zu Konflikter mat Mënschen. Den Zuele vum indesche Parlament no sinn an de Joren 2023 an 2024 an Indien a ganze 629 Leit duerch Attacke vun Elefanten ëm d’Liewe komm.