Gëtt net méi hiergestalltTrauerfeier zu Washington: De Penny gouf e Samschdeg "begruewen"

AFP, iwwersat vun RTL
Zu Washington hu sech eng Partie Leit zesummegedoen, fir d'1-Cent-Mënz symbolesch ze begruewen.
© MANDEL NGAN/AFP

Um bekannte Lincoln-Memorial goufen d’Pennyien an engem wäisse Sarg, begleet vun enger Koppel an historesche Kostümer zu Graf gedroen. Ënnert de Participanten war beispillsweis eng Koppel, déi als Abraham a Mary Todd Lincoln verkleet waren.

D’US-Wärungsagence “United States Mint” hat Mëtt November matgedeelt, dass d’Penny-Mënz net méi géif produzéiert ginn. D’Produktioun vun dëse Mënz kascht scho laang méi, wéi d’Mënz selwer an sech wäert ass. An de leschten 10 Joer sinn d’Produktiounskäschte vun 1,42 op 3,69 Cent pro Mënz geklommen.

© MANDEL NGAN/AFP

Fir déi éischte Kéier koum de Penny an den USA virun 232 Joer an den Asaz. US Mint huet betount, weiderhin ëmmer mol nees speziell Sammlereditiounen erauszebréngen.

Back to Top
CIM LOGO