
D’Déier ass ze schwaach a géing sech desorientéiert verhalen, wéi d’Seine-Maritime matgedeelt huet. De kranken Orca soll elo ageschléifert ginn.
Op Loftopname vum Déier wiere Schwieren an en Ausschlag z’erkennen. Wat dorop schléisse léisst, datt de Schwäertwal wuel ënnert wäit ausgebreetem Pilz leit, wouduerch d’Déier eng immens Péng muss hunn. Donieft kéinte sech aner geschwächt Mamendéieren ustiechen. D’Krankheet vum Orca kéint sech op säi Gehier auswierken, wouduerch sech seng Orientéierungsproblemer erkläre géinge loossen.
Nach e Samschdeg hat sech en Team mat ënnert anerem Wëssenschaftler, Police a Pompjeeën op de Wee gemaach, fir mat der Hëllef vu Wal-Téin ze probéieren, de Schwäertwal a Richtung Mier ze lackelen. Beim experimentelle Rettungsversuch koum eng Dron an den Asaz, déi Biller vum infizéierten Déier gemaach huet.
Eng éischte Kéier war d’Déier Ufank Abrëll eng 30 Kilometer virun der normannescher Küst gesi ginn. D’Videoe géingen definitiv keen Zweiwel doru loossen, datt et dat selwecht Déier ass.
RTL News: Aus der Seine raus - Wal-Téin solle Schwäertwal an d’Mier lackele