
Dës Woch am Fokus op schwätze mir mam Service Seniors vun der Stat Lëtzebuerg.
D'Offer vun dësem Service riicht sech un eis eeler Matbierger, a geet vu Berodung a Sécherheet iwwer Wunnen a sozial Aktivitéite bis zur konkreter Ënnerstëtzung am Alldag.
Wat ass dann eigentlech d'Missioun vum Service Seniors?
Wat genee ass den Téléalarme-Service?
Wéi ass de Service Repas sur Roues organiséiert?
Wéi eng Aktivitéite gi fir Senioren ugebueden?
A wat ass eigentlech de Konviktsgaart?
D’Äntwerten op dës a weider Froe kritt Dir dës ganz Woch hei op RTL oder kuckt elo schonn op seniors.vdl.lu