
Fokus op Mobilitéitsministère
Dës Woch schwätze mer am Fokus op iwwert déi Europäesch Mobilitéitswoch, enger Campagne vun der EU-Kommissioun.
Si gëtt Stied a Gemengen d’Méiglechkeet nei Mobilitéitsléisungen auszeprobéieren an d’Biergerinnen an d’Bierger fir eng méi nohalteg Mobilitéit ze sensibiliséieren.
Wéi een Thema et dëst Joer ass a wat alles organiséiert gëtt héiert dir dës Woch hei um Radio.
Méi Info och op mobilitéit.lu.