E Méindeg de Moie war déi gréng Ministesch eis Invitée vun der Redaktioun.

Ech si selwer och immens enttäuscht. Dat sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg um Méindeg de Moien am RTL-Interview. Si war bis e Sonndeg op der Weltklimakonferenz zu Madrid.

Et wier en Echec. Et hätt ee leider keng kloer weltwäit Reegele fir den Emissiounshandel kënne festleeën. Brasilien an d'USA hu blockéiert, sou d'Carole Dieschbourg. Populisten an d'Kuelelobby hätten de Klimaschutz ausgebremst, mä dat Schlëmmst hätt ee verhënnert kritt. Och déi chilenesch COP, d'Presidence, war e bëssen iwwerfuerdert, huet Feeler gemaach, huet déi Lëtzebuerger Ëmweltministesch gemengt. Op d'mannst gouf awer festgehalen, datt d'Efforten am Klimaschutz an den nächste Jore sollen eropgesat ginn.

Lëtzebuerg, respektiv Europa, hate sech sécher méi erwaart, sou d'Invitée vun der Redaktioun. Besonnesch fir déi Populatiounen, déi am meeschten ënnert dem Klimawandel leiden. Do géif de Grand-Duché mat aneren europäesche Länner awer scho sou munches maachen. Zum Beispill hätt ee meteorologesch Fréiwarnsystemer a verschiddene concernéierte Regiounen installéiere gelooss.

Wat den nationale Klimapak ugeet, ass d'Ëmweltministesch net ganz konkret ginn. Sécher wier awer op alle Fall, datt d'CO2-Steier géif vu soziale Kompensatioune begleet ginn.

D'Ministesch stoung déi lescht Méint jo och an der Kritik, d'Affär Traversini hat och Auswierkungen op si. Dorops ugeschwat, sot d'Carole Dieschbourg, datt dat net schéi war. D'Justiz soll elo hir Aarbecht maachen. Si wär elo ganz frou, datt iwwer konkret politesch Visioune geschwat gëtt. Och wann et perséinlech net ëmmer einfach wier, hätt si d'Loscht net verluer fir ambitiéis Ëmweltpolitik ze maachen, sou d'Carole Dieschbourg um Méindeg de Moien.

Invité vun der Redaktioun: Carole Dieschbourg

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.