En Donneschdeg de Moie war d'Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et geet net duer ze wuessen. De Wuesstem muss och qualitativ gutt sinn. Dat seet den Direkter vum Statec. De Serge Allegrezza war um Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Et géing ee wëssen, dass de PIB an de PIB Bien-Être ganz komplementar an unenee gekoppelt sinn. De PIB generéiert Revenuen an dës steigeren eist Wuelbefannen. Mee et misst een an Zukunft kucken, wéi een dëse PIB Bien-Être ka gebrauchen, fir d'Politik besser ze gestalten. Theoretesch misst een dann dofir suergen, dass all Trimester nieft dem PIB och de PIB Bien-Être gemooss gëtt, fir dass all d'Dimensioune vun der Liewensqualitéit zur Verfügung stinn. An anere Länner géing dat scho gemaach ginn. D'Fro wier, wéi wäit ee wéilt goen a wéi vill ee wéilt doran investéieren, well et bräicht een da méi reegelméisseg a besser Donnéeën, erkläert den Serge Allegrezza.

21 Indicateure fir eist Wuelbefannen

De PIB Bien-Être besteet aus 21 verschiddenen Indicateuren, dorënner de Revenu, d'Inegalitéiten, d'Aarmut, den Emploi, de Präis vum Logement, d'Liewenserwaardung, d'Educatioun, ma och den Environnement spillt eng grouss Roll. Do géing gekuckt ginn, wéi héich de Kaméidi an d'Pollutioun sinn. Donieft wier och déi physesch Sécherheet fir d'Leit e wichtege Facteur vum Wuelbefannen. Wann et vill Infraktiounen a Vandalismus an hirem Quartier gëtt, dann hätt dat een Effet op d'Wuelbefannen, erkläert den Direkter vum Statec.

Zanter dass een de PIB Bien-Être moosst, kéint ee feststellen, dass d'Wuelbefannen hei am Land an d'Luucht gaangen ass, bis 2021. Duerno wier de Bien-Être erofgaangen, well engersäits d'Logementskäschte geklomme sinn an anerersäits well déi physesch Sécherheet vun de Leit erofgaangen ass, duerch méi Infraktiounen, déi bei der Police gemellt goufen.

Donieft géing een awer – zanter der Pandemie - och dat subjektiivt Wuelbefanne vun de Leit moossen. Do kéint ee feststellen, dass d'Leit wärend der Pandemie an och duerno mam Ukrain-Krich 2021 an 2022 méi ängschtlech waren, a sech och méi eleng gefillt hunn. Dat géing awer elo 2023 nees erofgoen.

Männer si méi glécklech wéi Fraen

Och de World Happiness Rapport, deen e Mëttwoch erauskoum, géing weisen, dass den Haaptfacteur fir d'Wuelbefanne fir d'éischt de Revenu ass, duerno ob een eng Aarbecht huet, ob een an enger Partnerschaft oder Famill ass, Relatioune mat Frënn, Noperen a Famill an och d'Gouvernance wier wichteg. Länner, wou vill Korruptioun ass, suergen net fir méi Wuelbefannen, sou den Direkter vum Statec. Ganz allgemeng wier do erauskomm, dass Männer méi glécklech wiere wéi Fraen. A ganz jonk Leit oder al Leit wiere méi glécklech wéi déi, déi matzen am Liewe stinn. Déi Leit wiere méi gestresst an do wier d'Resultat weltwäit d'nämmlecht, erkläert de Serge Allegrezza.

Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.