Aarbechtsmaart: Uspréch vun Entreprisë gi méi grouss, Attentë vu Leit anescht
E Freideg de Moie war de Chômage Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wa Butteker méi laang op sinn, gëtt et wuel méi Aktivitéit an da brauch ee wuel och méi Leit. D’Fro wier awer, ob een d’Leit fënnt, fir den Job ze maachen. Esou huet d’Direktesch vun der Adem Isabelle Schlesser e Freideg de Moien de Projet vun der Regierung, fir d’Ouvertureszäiten am Commerce ze verlängeren, kommentéiert.
De Problem um Aarbechtsmaart wier nämlech nach ëmmer deen, datt d’Entreprisen et engersäits heiansdo schwéier hätten, Leit ze fannen, an anerersäits d’Zuel u Leit ouni Aarbecht weider klëmmt. Och am IT-Beräich wier d’Situatioun bal widderspréchlech. Enger Eurostat-Etüd no géinge 65% vun den Entreprisen net déi IT-Leit fannen, déi se brauchen. Dobäi hätt een déi Profiller am Chômage, esou d’Isabelle Schlesser. An hiren Ae wieren d’Uspréch vun den Entreprisë méi grouss ginn, iwwerdeems d’Attentë vun de Leit awer och "anerer" gi wieren.
D’Isabelle Schlesser huet dann och festgestallt, datt aktuell eng Rei Plaze géinge verschwannen, well Aarbecht automatiséiert gëtt, e Phenomen, deen et sécher géing weider ginn. Anerersäits géing et och ëmmer méi Annoncë ginn, fir Leit ze fannen, fir déi Maschinnen ze entwéckelen, ze programméieren oder ze ënnerhalen.
De Chômagetaux soll Previsiounen no vun aktuell 5,9 op 6% klammen. D’Adem hätt méi Aarbecht, mee hätt weider rekrutéiert, esou datt d’Beroder manner Demandeure misste betreien. Elo géing d’Adem och verschidden Tâchë selwer automatiséieren, fir den administrativen Opwand vun de Beroder ze reduzéieren an hinne méi Zäit ze ginn, fir sech ëm d’Demandeuren ze këmmeren.
Nom Live-Interview hu mir d’Isabelle Schlesser nach e puer Froen iwwer d’Affär bei der ASBL Casa gestallt. Wat si dozou sot, fannt Dir hei.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.