Net-Respekt vu Reegele vun der Adem, mä och penal Virwërf

© Didier Weber / RTL
Nodeems d'ITM an d’Adem Dysfonctionnementer bei der ASBL Casa opgedeckt hunn, hu méi ewéi d'Hallschent vun de 34 Beschäftegte bei Casa hir Plaz verluer.
D’Direktesch vun der Adem huet e Freideg de Moien no hirem Live-Interview hei op RTL eis nach puer Erklärungen zu dësem Fall ginn.
Engersäits gëtt et d’politesch Fro, well d’ASBL Leit konnt beschäftegen, déi vun der Adem am Kader vun enger Beschäftegungsmesure bezuelt ginn. Dat sinn da sougenannt OTI (occupation temporaire indemnisée). Eigentlech ass dëst just fir Fondatioune virgesinn, mä et wier “gängeg Praxis” gewiescht, datt och ASBLen, déi eng Aktivitéit hunn, déi d’utilité publique ass, och op déi Leit kéinten zeréckgräifen. Wie Minister war ewéi d’OTI fir ASBLe gängeg Praxis gouf, wollt d’Direktesch vun der Adem net soen. “Also ech sinn Enn 2012 bei d’Adem komm an do war dat schonn eng gängeg Praxis”, esou d’Isabelle Schlesser.. (Vun 2009 bis 2012 war de Nicolas Schmit vun der LSAP Aarbechtsminister. Virun him war et de François Biltgen vun der CSV. - NvdR)
Den Dysfonctionnement bei Casa hätt awer och net direkt eppes domadder ze dinn. D’Isabelle Schlesser huet erkläert, datt d’ASBL Konditiounen a Reegelen net respektéiert hätt, fir OTI ze beschäftegen. Dorënner d’Gestioun vun de Congéen. OTI hunn zwee Deeg de Mount zegutt, mä Casa hätt erlaabt, dës z’accumuléieren an eenzel Beschäftegter wieren dann ee Mount net do gewiescht. Donieft goufen Denonciatioune un d’Adem erugedroen, déi d’Agence fir den Emploi un de Parquet weidergeleet huet, well déi penal wieren. Well d’Justiz dat elo muss ënnert d’Lupp huelen an aus Respekt virun der présomption d’innocence, wollt d’Isabelle Schlesser dozou keng Detailer ginn.
D’Direktesch vun der Adem huet d’Beschäftegungsmesuren awer vehement verdeedegt. Déi Mesurë géingen elo an e “schlecht Liicht” gestallt ginn, mee datt all d’Acteuren ewéi Verwaltungen, Gemengen an ASBLe géinge “Schmu” bedreiwen, dat wier “net wouer”, huet si betount. De Grondgedanke wier nach ëmmer gutt, well ee Leit, déi Chômage-Indemnitéite kréine a Contrepartie och eng nëtzlech Beschäftegung hätten. Bis se dann eng fest Plaz fannen. Wann eenzel Acteure sech net un d’Spillreegelen halen, da misst een agéieren. Mä dat géing net heeschen, datt déi Mesuren net gutt wieren.