"Déi Kris (...) musse mir hannert eis loossen an nees normal bauen"
En Donneschdeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Bausecteur an de Wunnengsbau erhuele sech liicht. "Et ass alles mat Virsiicht ze genéissen", esou de Spriecher fir d’Developpeure bei der Chamber Immobilière, de Jean-Paul Scheuren. Hie géing net dru gleewen, datt d’Präisser nees richteg klammen oder d’Loyeren tatsächlech méi bëlleg ginn.
Et gëtt nach ëmmer ze vill "Incertituden" um Marché, besonnech beim Kaf a Verkaf um Plang, also Projeten, déi nach net gebaut sinn, esou de Jean-Paul Scheuren. Hie seet: "Mir musse vun eiser Säit natierlech kucken, ewéi mir d’Finanzéierung maachen (...), fir datt mir kënne bauen." Wann de Bagger rëm géing rullen, da wieren d’Keefer rassuréiert.
Dowéinst huet de Jean-Paul Scheuren der Regierung a Chamber "Merci" gesot, datt se d’steierlech Virdeeler fir Investisseuren e Mëttwoch bis Enn Juni a retroaktiv op den 1. Januar verlängert hunn. Hien huet betount, datt dat keng Hëllef fir d’Developpeure wier, mee fir Investisseuren, dorënner den eenzele Keefer oder Keefer vun enger éischter Wunneng.
Wat fërdert Bau, a virun allem de Bau vu klénge Wunnengen?
"Déi Kris, an där mir waren, musse mir hannert eis loossen an nees normal bauen", esou de Jean-Paul Scheuren weider. A sengen Ae misst een d’Investisseure weider ënnerstëtzen, mee effektiv engersäits kucken, ewéi eng Mesuren tatsächlech de Bau vun neie Wunnenge fërderen. An et misst een endlech méi kleng Wunnenge bauen, well 60% vun de Leit eleng géinge wunnen. De Manktem un esou Wunnengen géing hir héich Präisser erklären.
Eenzel Leit géingen och beispillsweis kaum vun der Subvention d’intérêt profitéieren, well se dann ze vill verdéngen, awer eben net genuch fir eng Wunneng, fir déi et eng staark Demande gëtt, och vu Keefer, déi gär verlounen.
De Jean-Paul Scheuren gesäit dann och vill Potential bei den anere Mesurë vun der Regierung fir méi a méi séier ze bauen – Spréch d’administrativ Vereinfachung. Och dat wier a sengen Ae keng Hëllef fir d’Developpeuren, mee fir datt endlech méi gebaut gëtt. De Spriecher vun den Developpeuren huet nach um Schluss virun "ekonomesche Konsequenze" gewarnt, "déi mer net onbedéngt wëllen", wann een de Secteur géing "aus Jalousie", "an den Eck drécken". An anere Wieder de Marché abrieche loossen.
An de Jean-Paul Scheuren huet sech och gewonnert iwwert Aussoen an der Chamber, datt ee misst erausfannen, ewéi sech staatlech Hëllef am Präis erëmspigelt. Hien huet drop higewisen, datt d’Promoteure jo keng direkt Hëllef kréichen, mee och an den Notairesakten ee kloer géing gesinn, wéi vill den Terrain oder de Bau kaschte géingen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.