Retroaktiv Verlängerung vun Hëllef fir Investisseure bis 30. Juni aktéiert

Déi staatlech finanziell a steierlech Mesurë fir den Investissement a Wunnenge goufe vun der Chamber bis Enn Juni verlängert.
Retroaktiv op den 1. Januar. Et handelt sech ënnert anerem ëm de méi héije Bëllegen Akt, den halbéierten Enregistrement, de Quart-Taux op Plus-valuen oder nach de méi héijen Amortissement acceleré.
De méi héije Bëllegen Akt krut per Vote séparé Gréng Luucht vun de 60 Deputéiert. Déi aner Mesurë krute just d’Zoustëmmung vun de Regierungsparteien, der ADR an der Piraten – an hirem Fall eng leschte Kéier, huet de Sven Clement betount.
De Finanzminister Gilles Roth huet, ewéi scho bei eis am Background e Samschdeg, och dëse Mëttwoch an der Chamber recommandéiert, datt d’Mesuren net méi iwwert Enn Juni verlängert ginn, ausser de Bëllegen Akt, dee vun 30 op 40.000 Euro erhéicht gi war. Den DP-Deputéierte Patrick Goldschmidt sot, et misst een am Juli kucken, ewéi et weidergeet, mee hie wier zouversiichtlech, datt den 30. Juni de richtegen Enn-Datum wier fir d’Haaptmesurë vum Paquet Logement.
De Gilles Roth huet "Spekulante" virum Stéchdatum gewarnt a se tëscht den Zeilen opgeruff, hir Verantwortung elo z’iwwerhuelen. Hie gouf dofir och vun der grénger Deputéiert a fréierer Logementsministesch Sam Tanson gelueft.
Keng Konterpartie?
De Finanzminister huet de "Paquet Logement" awer verdeedegt, well fir d’Offer wärend der Kris am Bau ze stäerken, wier een net dolaanscht komm, d’privat Investisseuren z’ënnerstëtzen. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot ass awer bei der Kritik bliwwen, datt se "Kaddoen un eng gewëss Schicht vu Leit" wieren an d’Mesuren als anti-sozial an anti-kompetitiv bezeechent.
Géint d’Verlängerung waren och déi Gréng an déi Lénk. D’Sam Tanson huet bedauert, datt d’Investisseuren eppes kruten, awer näischt missten zeréckginn. An deem Sënn huet si gefrot, wou d’Reform vun der Grondsteier an déi nei Mobiliséierungstaxe dru wieren.
De Gilles Roth huet verséchert, d’Regierung wéilt déi ëmsetzen an déi zoustänneg Zerwisser, dorënner de Kadaster géingen op Héichtoure schaffen a kéinten op all Ënnerstëtzung vum Finanzministère zielen.
Méi Transparenz
De Gilles Roth gouf dann awer vum Franz Fayot gelueft, well de Finanzminister mam LSAP-Deputéierten averstane war, datt d’Chamber méi transparent Donnéeë misst kréien iwwert d’Zesummesetzung vun den Immobiliëpräisser.
Genee dat huet och den CSV-Deputéierte Michel Wolter gefrot. Deen, deen tëscht 1995 an 2004 Inneminister war, sot awer och, et bräicht een net just d’Donnéeën hei am Land, mee och de Verglach mat den Nopeschregiounen.
Hien huet sech och opgereegt, datt déi zéngtgréisst Gemeng hei am Land, seng Gemeng Käerjeng, net d’Moyenen hätt, fir Terrainen ze kafen, déi se sech net méi kéint leeschten an ëmmer méi Leit an d’Ausland géinge wunne goen.
De Gilles Roth huet him Recht ginn, huet Transparenz versprach an der Chamber recommandéiert, e Bréif un de Premier ze maachen, fir all déi concernéiert Administratiounen ze mobiliséieren.