"Damp aus dem Kessel loossen" fir e Schoulprobleem ze léisen
En Dënschdeg de Moie war d'Mediatioun an der Schoul Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Service vun der "médiation scolaire" ass do fir all Konflikt, deen net an der Schoul ka geléist ginn. Et gëtt dräi grouss Themeberäicher: de "maintien scolaire", also e Schoulofbroch verhënneren, d'Inclusioun an d'Integratioun, dat betrëfft auslännesch Kanner, déi nei am Schoulsystem sinn, dat sot d'Marguerite Krier en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass déi nei Schoulmediatrice an d'Cheffin vum Service vun der Schoulmediatioun. Dee Service, deen dem Educatiounsministère ënnersteet, mä deen onofhängeg schafft, sinn eng 12 Leit, Psychologen a Juristen, déi bei Schoulproblemer intervenéieren, wann am Gebai keng Léisung fonnt gouf. Wann neutral a faktuell driwwer geschwat gëtt, nogelauschtert gëtt an "Damp aus dem Kessel" gelooss gëtt, wéi d'Marguerite Krier et beschriwwen huet, fënnt sech meeschtens eng Léisung. An e Schoulofbroch ka verhënnert ginn.
350 Fäll am Joer
De Service vun der Schoulmediatioun gëtt et zanter 2018. D'Haaptiddi deemools derhannert war, fir dem Schoulofbriechen entgéintzewierken. D'Lis de Pina war déi éischt Schoulmediatrice. An deene 7 Joer huet de Service iwwer 1.500 Fäll behandelt. Elo sinn et der eng 350 am Joer. Et mellt ee sech schrëftlech beim Service a gëtt dann op e Rendez-vous geruff. De Service gëtt ëmmer méi bekannt, mä d'Marguerite Krier wëll d'Schoulmediatioun nach méi bekannt maachen a méi no bei d'Leit bréngen. De Service soll an Zukunft méi regional offréiert ginn, fir datt de Wee fir Elteren a Schüler net ze laang ass.
Schüler an de Mëttelpunkt stellen
Et wëll een d'Eltere begleeden, well et a ville Situatiounen net just ee Problem géif. Et géif ee kucken: wou steet de Schüler a wéi eng Bedürfnisser huet en? Et wéilt ee "Schüler-zentréiert" schaffen. Déi nei Schoulmediatrice wëll d'Wuel an den Interêt vum Kand an de Mëttelpunkt stellen. Zesumme soll de Bléck um Kand leien. Den Dialog wier ganz wichteg an et soll net iwwert de Schüler geschwat ginn, mä mam Schüler.
An der Schoul fréi den Dialog sichen
D'nächst Woch fänkt d'Schoul jo nees un. Wann et Problemer gëtt, soll ee sou fréi wéi méiglech den Dialog siche mam Enseignant. A wann dat net geet, op e Service, deen offréiert gëtt, zréckgräifen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.