Réikitz a MéidrescherSämtlech Acteure fir den 22. Juli an de Landwirtschaftsministère invitéiert

Monique Kater
Biller vu Réikitz, Villercher oder soss wëllen Déieren, déi dout oder blesséiert op enger frësch geméiter Wiss leien.
Réikitz a Méidrescher
Sämtlech Acteure fir den 22. Juli an de Landwirtschaftsministère invitéiert

Esou Biller zirkuléiere reegelméisseg an de soziale Medien a suergen ëmmer nees fir Diskussiounen. Beim däitsche Noper sollen elo e Budget vun 3 Milliounen a Geldstrofe vun 3.000 Euro hëllefen, esou onnéideg Virfäll ze verhënneren. Op dee repressive Wee wëll d’Lëtzebuerger Landwirtschaftsministesch elo awer nach net goen. D’Martine Hansen setzt op d’Zesummeschaffen an zitéiert déi concernéiert Acteure fir den 22. Juli an de Ministère.

Keen, awer absolut keen hätt eppes dovunner, wann en Déier an eng Méimaschinn oder an e Méidrescher geréit. De Bauer scho guer net, seet d’Martine Hansen a wëll mat hinnen, de Jeeër, der Landwirtschaftskammer an der asbl. Sauvons Bambi Lëtzebuerg eng Strategie entwéckelen, dass dëst onnéidegt Doudmaachen oder Blesséiere vun Déieren esouwäit ewéi méiglech verhënnert gëtt. Well si an der Responsabilitéit vum Ëmweltministère leien, wier och dee gefuerdert an, an d’Reunioun invitéiert.

Benevoller solle sech onbedéngt bei Sauvons Bambi oder dem Ministère mellen

Sauvons Bambi eleng kéint déi ronn 50.000 Hektar net offléien, hätt der zejoert awer ëmmerhin 4.000 kontrolléiert. Fir hiert Engagement nach méi effikass ze maachen, geet et awer mat der weiderer finanzieller Ënnerstëtzung net duer. Et feelt u Leit, u Benevollen, déi da mussen asazbereet sinn, wann d’Meteo dem Bauer eng Zäitfënster gëtt. Dofir den Opruff: et soll ee sech onbedéngt mellen, well d’Drone net vum selwe fléien.

Käerjeng freet en nationale Plang

Bis dohinner si jo awer och d’Gemenge gefuerdert. Am Weste schaffen der schonn 10 mat der asbl Sauvons Bambi zesummen. Och d’Gemeng Käerjeng huet sech mobiliséiert, keeft eng Dron, forméiert d’Leit a waart dann drop, dass si vun der Regierung gefrot ginn, matzehëllefen, sou de Buergermeeschter Michel Wolter. Ouni nationale Plang kréich een d’Rettung vun den Déieren virum Méidrescher, net flächendeckend garantéiert.

Reunioun den 22. Juli am Landwirtschaftsministère

Mussen dat Benevolle sinn? Kënnen d’Fierschter asprangen? Well eigentlech gehéiert d’Wëld zur Charge vum Ëmweltminister. Wéi koordinéiert een d’Zesummenaarbecht Bauer, Jeeër, asbl Sauvons Bambi an eventuell Fierschter? Iddie wäerten der de 22. Juli genuch um Dësch leien, d’Decisioune missten zäitno geholl ginn. Well och am Hierscht gëtt nach emol geméit.

Dank Dron nach matzäit gesinn

Dank Dron nach rechtzäiteg gesinn
Eng RTL-Userin huet eis e Video erageschéckt, dee weist, datt et sech lount, mat Dronen no Déieren a Felder ze sichen.

Eng RTL-Userin huet eis e Video erageschéckt, dee weist, datt et sech lount, mat Dronen no Déieren a Felder ze sichen. Obwuel si keng Wäermebild-Dron dobäi haten, wollten d’Magali Hoffmann an hire Frënd de Risk net agoen, hiert Feld ze méinen, ouni no Déiere gesicht ze hunn. Zwar ass d’Sich no Réikitz oder soss Déiere mat enger normaler Dron méi opwänneg an et muss een nach méi genee kucken, ma am Fall vum Magali Hoffmann an hirem Frënd hat sech d’Méi gelount.

Nodeems d’Koppel e Réi beim Bëschrand entdeckt haten, si si dem Déier nogeflunn an der Hoffnung, datt d’Réi si zu hirem Kitz géing féieren oder “souguer beschtefalls géing mathuelen”, wéi d’Magali Hoffmann d’Erliefnis beschreift. D’Mamm vun, wéi sech erausgestallt huet, souguer zwee klenge Réi, hat sech awer esou vill Zäit gelooss, datt d’Koppel d’Déieren um Schluss e bëssen huet “missen dreiwen”, fir datt si sécher goe konnten, datt d’Mamm déi kleng matgeholl huet.

Dronen am Asaz fir den Déiereschutz: Evitéieren, datt kleng Réi an aner Déieren ënner de Méidrescher geroden

Back to Top
CIM LOGO