Den Ott Tänak hat bei der 4. Epreuve vun der Rallye Monte Carlo e schwéieren Accident, bei deem awer den amtéierende Weltmeeschter an aktuellen Hyundai Pilot esou wéi och säi Co-Pilot Martin Järveoja net blesséiert goufen.
Ongeféier 9,2 Kilometer nom Start vun der Epreuve “St-Clement-sur-Durance - Freissinieres” ass dem Tänak säin Hyundai i20 WRC mat iwwer 160 km/h vum Circuit ofkomm.