Beim Depart gouf et un der Spëtzt net all ze vill Changementer, eenzeg de Lando Norris ass vun der 3. op déi 6. Plaz zeréckgefall. E bësse méi hannen am Feld hat de Lindblad Schwieregkeeten, säin Auto ënner Kontroll ze halen an ass bis op déi leschte Plaz duerchgereecht ginn. An der Suite ass bis op eng kuerz Virtual-Safety-Car-Phas net all ze vill op der Streck geschitt.
No ronn 30 Ronnen huet Mercedes dunn awer festgestallt, datt de Leader Russell iergendwou Tümmerdeeler op der Streck opgeraf huet, wouduerch e méi lues ginn ass. Beim Boxestopp an der 35. Ronn huet een dunn en Tick méi laang um Russell sengem Auto gedoktert an domat war d'Victoire futsch. Den Antonelli konnt sech un d'Spëtzt setzen a wënnt um Enn souverän viru sengem Teamkomerod George Russell. Den Oscar Piastri komplettéiert de Podium. Fir den neie Weltmeeschter Kimi Antonelli war et iwwerdeems déi 10. Victoire a senger Karriär.