Dat huet den Helmut Marko vu Red Bull dem Radiosender Ö3 an Éisträich confirméiert.

Schonn elo wieren alleguerten d‘Oplage vun den Autoritéiten erfëllt, fir Geeschtercourssen zu Spielberg ze organiséieren. „Geplangt sinn zwou Courssen, déi de 5. an den 12. Juli kéinte gestart ginn“, esou den Hemlut Marko vu Red Bull. Nëmmen eng zweet Infektiounswell kéint den Optakt vun der neier Formel-1-Saison nach verhënneren.

Zesumme mat de Formel-1-Organisatioun gouf e Konzept ausgeschafft, dass net méi wéi 2.000 Persoune sollen um Circuit present sinn. Dem Sender Ö3 no, dierfe keng Supporter a Journalisten ureesen an Ekippemembere mussen negativ op de Coronavirus getest gi sinn.

Déi éischt 9 Coursse goufen ofgesot respektiv op e spéideren Datum verluecht. D’Formel 1 hofft, mat engem iwwerschaffte Kalenner nach bis zu 18 Coursë kënnen ze fueren.