D’Formel-1 Saison-huet elo mol e provisoresche Kalenner mat 8 Courssen. Lass geet et mat engem duebele Rendez-vous zu Spielberg an Éisträich.

De 5. Juli an den 12. Juli wieren deemno déi éischt 2 Courssen nom Lockdown, dat all Kéiers wéi gesot zu Spielberg.
Duerno geet et weider, den 19. Juli zu Budapest / Ungarn. Da kënnt et zu engem weideren duebele Rendez-vous, nämlech um Circuit vu Silverstone den 2. an den 9. August.

De 16. August gëtt dann a Spuenien gefuer, méi genee zu Barcelona, éier et den 30. August weider geet zu Spa an der Belsch. De 6. September ass dann nach Monza/Italien am Kalenner.

Eigentlech hätt d'Saison de 15. Mäerz sollen am australesche Melbourne lassgoen, ma wéinst der Corona-Pandemie goufen souwuel den Optakt, wéi och d'Courssen an Holland, Monaco a Frankräich gestrach.

Alles an allem wëll ee bis d'Enn vun der Saison 15 bis 18 Courssen organiséiert kréien. An de kommende Woche solle weider Detailer bekannt ginn. Déi éischt 8 Rendez-vouse si jo lo mol festgeluecht. D'Coursse wäerten ouni Zuschauer iwwert d'Bün goen an och d'Teams musse sech u ganz streng Reegelen halen. Et däerfe pro Team just maximal 80 Mataarbechter/-innen bei all Grand-Prix matreesen. Virun der Urees musse sech d'Piloten an de Rescht vum Personal op de Coronavirus teste loossen.

Am Virfeld vun de Formel-1-Courssë gëtt jo och am Porsche SuperCup gefuer, wou jo och de Lëtzebuerger Dylan Pereira matfiert. Fir sech op déi 8 geplangte Courssen ze preparéieren, ass fir den 23. a 24. Juni en Test zu Spielberg virgesinn. Dee bleift awer nach ze bestätegen.