De Weltmeeschter am Moto G.P. war d'lescht Woch beim Grousse Präis vu Spuenien, um nämmlechte Circuit zu Jerez, schwéier gefall.

Hien hat sech bei der Chute den Aarm gebrach. An der Woch war de spueneschen Honda-Pilot operéiert ginn. E Freideg war de Marquez fir de fräien Training schonn nees um Moto. De sechsfache Weltmeeschter huet awer e Samschdeg op de Qualifying verzicht.