
Beim Qualifying um Samschdeg zu Spa-Francorchamps stoung nieft dem Leader Lewis Hamilton, deen am 3. fräien Training dee Séierste war, a sengem Mercedes-Partner Vallteri Bottas, och de Max Verstappen op Red Bull am Mëttelpunkt, deen an de fräien Trainingen ze iwwerzeege wosst.
Schonn nom 3. Training war kloer, dass et virun allem fir Ferrari mam Sebastian Vettel a mam Charles Leclerc op en Neits en haarde Weekend kéint ginn. De Leclerc war beim 3. fräien Training de 17., den Däitsche gouf esouguer dee Leschten.
Nodeems d’Ferrari-Männer schonn am Q1 Problemer haten, fir sech ënnert de beschte 15 ze placéieren, sollt am Q2 och Schluss fir déi zwee Pilote sinn. Um Enn gouf de Vettel dee 14., de Leclerc koum op déi 13. Plaz.
Un der Spëtz koum et zum erwaarten Duell tëscht de Mercedes-Piloten. Hei war et awer eng kloer Entscheedung zu Gonschte vum Hamilton, dee sech net nëmmen d’Pole séchere konnt, ma och nach eng nei Beschtleeschtung opstelle konnt, wat déi séierste Ronn um Circuit zu Spa ugeet. Zweete gouf de Bottas virum Verstappen, dee sech déi drëtte Plaz um Depart séchert.
Um Sonndeg steet dann zu Spa déi 7. Manche vun der Saison um Programm.