Formel 1: Grousse Präis vu MonzaLewis Hamilton séchert sech Pole mat neiem Streckerekord

RTL Lëtzebuerg
Ganz knapps hannert dem Lewis Hamilton koum säin Teamkolleg de Valtteri Bottas op déi 2. Plaz virum Carlos Sainz op Mclaren.
© AFP

Fir de Sebastian Vettel op Ferrari war de Qualifying alt nees eng kéier eng Enttäuschung. Den Däitschen ass schonn am Q1 ausgescheet a start um Sonndeg soumat vun der 17. Plaz. Säin Teamkolleeg, de Charles Leclerc, koum zwar an de Q2 mee hei war och fir hie Schluss a start vun der 13. Plaz.

Kee konnt den zwee Mercedes-Piloten zu iergendengem Zäitpunkt geféierlech ginn a soumat stinn déi zwee Fuerer fir déi 7. kéier an der 8. Course op den éischten zwou Positiounen. Am internen Duell konnt sech awer de Lewis Hamilton géint de Valtteri Bottas duerchsetzen a start soumat fir déi 6. kéier vun der Pole an dëser Saison an dës huet e mat engem neie Streckerekord realiséiert.

Déi 3. Plaz konnt sech de Carlos Sainz op Mclaren virum Sergio Perez vu Racing Point sécheren.

Back to Top
CIM LOGO