Verstappen bleift Weltmeeschter, Protester vu Mercedes ofgewisen

© AFP
No der dramatescher Victoire vum Max Verstappen an der leschter Ronn vum Grousse Präis vun Abu Dhabi hat d'Ecurie vu Mercedes Protest ageluecht.
E Sonndeg de Mëtteg huet sech de Max Verstappen no enger immens knapper an opreegender Course an der leschter Ronn den éischte Weltmeeschtertitel a senger Karriär geséchert. No der Course hat Mercedes direkt zwee Mol Protest ageluecht.
Den éischte Protest hat sech op de Max Verstappen, deen de Lewis Hamilton géint d'Reegelen um Enn vun der zweeter Safety-Car-Phas iwwerholl sollt hunn, bezunn. Am zweete Protest goung et drëm, datt de Protokoll wärend der Safety-Car-Phas net agehale gi wär.
Den éischte Protest gouf séier no der Course ofgewisen. Nodeems déi Responsabel vun den Ekippen a vun der FIA zesummefonnt hunn, ass de Protest vu Mercedes ofgeleent ginn.
Méi spéit e Sonndegowend gouf dann och den zweete Protest vun der FIA ofgewisen. Domat steet dem Max Verstappen säin éischte WM-Titel definitiv fest.