Eng eege Sprint-Qualifikatioun fir d'Sprint-Course

© FOM Formula One Management
D'Formel 1 schrauft weider um Format vun hire Sprint-Weekender. Nei ass e Shootout um Samschdegmoien.
2021 huet d’Formel 1 bei dräi Courssen de sougenannte Sprint-Format agefouert: d'Qualifikatioun um Freideg fir d’Startopstellung vum 100-Kilometer-Sprint um Samschdeg festzeleeën. D’Resultat vum Sprint huet dann d’Grille vun der Haaptcourse um Sonndeg definéiert. Prinzipiell ass d’F1 ganz zefridde mam Sprint: d’Spectateuren op de concernéierte Circuite krute méi gebueden, an och d’Aschaltquoten op der Tëlee ware besser wéi bei engem normale Grand-Prix. Mee et goufen zwee Schéinheetsfeeler. Well d’Piloten d’Haaptcourse net op d’Spill setze wollten, waren déi meescht am Sprint éischter zeréckhalend ënnerwee. Donieft war den zweete Fräien Training um Samschdegmoien net wierklech interessant, well d’Ingenieure wéinst de Parc-Fermé-Reegelen souwisou näischt méi um Auto hunn däerften änneren.
Neie Sprint: elo ganz eegestänneg
Mam neie Format gëtt de Sprint en eegestännegt Event mat enger eegener Qualifikatioun an ouni Afloss op de Grand-Prix Sonndes.
Um Freidegmoie bleift een eenzege Fräien Training. Um Freidegmëtteg gëtt de klassesche Qualifying gefuer, fir d’Startopstellung vun der Sonndes-Course festzeleeën.
Samschdes steet da ganz am Zeeche vum Sprint. Den FP2 gëtt duerch e Sprint-Qualifying – oder "Shootout" wéi dës Séance offiziell gedeeft gouf - ersat. De Sprint-Quali ass grad wéi den normale Quali an dräi gespléckt. Mä déi eenzel Segmenter si méi kuerz (12, 10 respektiv 8 Minutten), esou dass d’Pilote manner taktéiere kënnen, an direkt eng gutt Zäit setze mussen. Am SQ1 an am SQ2 däerfen d’Piloten all Kéiers ee Medium-Pneuesaz notzen, am SQ3 ass ee Soft-Saz erlaabt.
De Sprint um Samschdegmëtteg bleift onverännert: 100 Kilometer (circa eng hallef Stonn) ouni virgeschriwwene Boxestopp a Punkte fir d’Top 8 (8-7-6-5-4-3-2-1). Well d’Resultat vum Sprint keen Afloss op d’Startopstellung vum Grand-Prix huet, hoffen déi Responsabel, dass am Sprint elo méi geraibert gëtt.
Sonndes gëtt de Grousse Präis dann nom Resultat vum Freides-Qualifying gestart.
Och de System vun de Strofen huet un dat neit Format missten adaptéiert ginn. Wien am P1, am Freides-Qualifying oder an der Sprint-Course eng Grid-Strof kritt, muss déi mat an de Grand-Prix huelen. Wien am Sprint-Shootout eng Grid-Strof kritt, muss déi an der Sprint-Course aléisen. Motorestrofen (wann ee méi Komponenten notzt wéi erlaabt) ginn d'office beim Grand-Prix applizéiert.
2023: sechs Sprint-Weekender
Dës Modifikatioune goufe bei der leschter Course an Australien vun der F1 mat den Teams diskutéiert, an um Dënschdeg vun den zoustännege FIA-Gremien ofgeseent. Scho bei der nächster Course zu Baku gëtt no dësem neie Format gefuer.
Freides, 28. Abrëll
FP1, 11h30 (11h25 live op RTL PLAY)
Qualifying, 15h00 (14h55 live op RTL ZWEE an RTL PLAY)
Samschdes, 29. Abrëll
Sprint Shootout, 10h30 (10h25 live op RTL ZWEE an RTL PLAY)
Sprint Course, 15h30 (15h15 live op RTL ZWEE an RTL. PLAY)
Sonndes, 30. Abrëll
Grand-Prix, 13h00 (12h15 live op RTL ZWEE an RTL PLAY)
Déi weider Sprint-Weekender dës Saison sinn an Éisträich, der Belsch, am Katar, an den USA an zu Sao Paulo.

© FOM Formula One Management