Lëtzebuerger Automobilsport-Zeen am TrauerChristian Franck am Alter vun 39 Joer ëm d'Liewe komm

RTL Lëtzebuerg
Bei enger Testfaart am sougenannten Industriepool um Nürburgring an der Eifel sinn e Mëttwoch an engem trageschen Accident 2 Mënschen ëm d‘Liewen komm.
© Jeannot Boesen

Dat huet de Porte-Parole vun der Rennstreck um Donneschdeg de Moie matgedeelt an d’Police huet et och confirméiert.

Bei engem vun den Doudesaffer handelt et sech ëm den 39 Joer jonke Lëtzebuerger Christian Franck, dee laang Jore Karting, Circuit, Slalom a Biergcourse gefuer ass, an hei och e sëllege Championstitele feiere konnt, souwuel um nationalen, wéi och op internationalem Niveau.

2008 huet hien de “Volant sportif” vun der Lëtzebuerger Automobilsportfederatioun gewonnen. 2015 war et dunn esouguer d’Wiel zum Autosportler vum Joer.

PDF: Schreiwes vum ACL Sport (10. August 2023)

Back to Top
CIM LOGO