Net just een ma direkt déi zwee Munster-Bridder si beim Rallye-WM-Laf am Kenia um Depart, deen een op Ford Puma Rally1, deen aneren op Hyundai i20 Rally2.

De Grégoire Munster fiert mam belsche Copilot Louis Louka fir M-Sport ëm Punkten an der Rallye-WM. Hien ass um Freideg éischter méi virsiichteg un déi ganz Aventure "Safari-Rallye" erugaangen, well en net riskéiere wollt den Auto futti ze maachen, respektiv sech e Platten anzefänken.

RTL

© LUIS TATO / AFP

Fréi sollt sech erausstellen, dass dat de richtege Choix war. Sou hat z.B. den Thierry Neuville um Hyundai i20 N Rally1 schonn op der 3. Special e Platten, woubäi d'Karosserie vum Auto elle gelidden hat, a vill Stëbs a Sand an den Auto gerode sinn. Doduerch hu si mussen op der 4. Special mat Schutzbrëll fueren.

Op der 5. Special sinn den Esapekka Lappi an de Janne Ferm, och op Hyundai, duerch eng defekt Boite ausgefall.

Et sollt nach schlëmmer fir Hyundai kommen, well op der 6. Special war et den Out fir den Ott Tänak an de Martin Järveoja um 3. Hyundai i20 N Rally1. Si kruten e Steen ze paken, woubäi d'Rad vir riets erausgerappt gouf.

De Grégoire Munster an de Louis Louka konnte sech aus all Drama eraushalen a sinn op der 6. Special souguer déi véiert séierst Zäit gefuer, nodeems de Grégoire op der Arrivée vun der 4. Special nach gesot huet, e géif ze douce mam Auto ëmgoen, well en nach net dru gewinnt wier, dass de Rally1-Puma méi aushält wéi de Rally2-Fiesta.

RTL

© Nikos Katikis / DPPI via AFP

Si schléissen de Freideg op der 6. Plaz am Generalklassement of, 3 Minutten a 34 Sekonnen hannert de Leader Kalle Rovanperä a Jonne Halttunnen op Toyota GR Yaris Rally1. Plazen zwee an dräi ginn nom Freideg och un Toyota, dat mat Evans/Scott a Katsuta/Johnston.

Den Thierry Neuville an de Martijn Wydaghe sinn op Plaz 4 mat 1m07 Réckstand. Da kommen den Adrien Fourmaux an Alexandra Coria op Ford Puma Rally1.

Gutt Virstellung vum Charles Munster a Loïc Dumont an der WRC2

Fir de Charles Munster ass et säin éischten Optrëtt an der Rallye-WM, dat dann och mat engem neie Copilot a Persoun vum Belsch Loïc Dumont. Wéi een um Design vun hirem Hyundai i20 Rally2 aus dem Haus BMA erkennt, hu se Ënnerstëtzung vu lokale Sponsoren an Afrika kritt, wat dësen Asaz dann och eréischt méiglech gemaach huet.

RTL

Och fir de Charles Munster huet et geheescht net ze vill ze riskéieren an éischt Erfarungen op dësem dach ganz speziellen Terrain ze sammelen. Dat ass him dann och gutt gelongen, ouni awer ze vill Zäit ze verléieren, well et huet net laang gedauert, bis déi éischt Top5-Zäit an der WRC2-Kategorie am Zäitemonitor opgedaucht ass.

RTL

© Tony Karumba / AFP

Op der 4. Special war et souguer déi zweetbescht Zäit hannert dem Gus Greensmith a Jonas Andersson um Skoda Fabia RS Rally2.

No 7 vun 19 Specialle sti si op Plaz 5 an der WRC2-Kategorie a souguer op Plaz 3 an der WRC2-Challenger-Kategorie. Am Generalklassement ass et Plaz 12.

Um Samschdeg waarden nach emol 6 Speciallen op d'Konkurrenten, grad ewéi och um Sonndeg. Et sinn deemno nach vill Kilometer ze fueren, bei deenen nach vill geschéie kann.