Eng éischt an eng drëtt Plaz fir "Black Falcon Team Losch 48" mam Steve Jans
En vue vun der Qualifikatioun fir d'24h-Course um Nürburgring Ufank Juni goufen de Weekend zwee Leef gefuer, déi och fir d'NLS gezielt hunn.
Deemno war och d'"Black Falcon Team Losch 48" nees um Depart, dat an der gewinnter Konstellatioun mam Lëtzebuerger Pilot Steve Jans, grad ewéi dem Tobias Müller an dem Noah Nagelsdiek. Si sinn um Porsche 911 GT3 Cup an der Kategorie Cup2, respektiv der Porsche Endurance Trophy Nürburgring gefuer.

© Andy Brücker
D'Konkurrenz am Generalklassement war dëse Weekend méi staark, wéi dee virdrun, well hei elo méi GT3-Teams gefuer sinn, wéi nach bei den NLS-Courssen 1 an 2. Et goung hei jo och drëm sech fir d'24h-Course ze qualifizéieren an ze testen. Et goufen net just d'NLS-Courssen 3 a 4 gefuer, ma eben och d'24h-Qualifiers.
Am Qualifying fir NLS3 konnt d'Team mat Lëtzebuerger Bedeelegung sech op Plaz 28 am General placéieren, woumat se den zweetstäerkste Cup-Porsche waren.
NLS3 um Samschdeg
An der 4-Stonne-Course um Samschdeg war den Depart um 17.30 Auer, deemno ass bis 21.30 Auer gefuer ginn, wouduerch hei d'Autoen och am Däischteren hu musse fueren. Dat war also eng gutt Preparatioun op d'24h-Course vum 30. Mee bis 2. Juni. Souwuel d'Strategie-Abteilung, wéi och d'Pilote selwer bei Black Falcon haten nawell all Hänn voll ze dinn, fir sech an der Cup2-Kategorie ganz vir opzehalen.

© Andy Brücker
Et ass dann och bis zum Schluss extrem spannend bliwwen, a kuerz virum Enn war nach emol d'Fro opkomm, ob een nach emol misst erakomme fir ze tanken, oder ob et mam Sprit u Bord duergeet, an ee sech eng weider Kéier als Gewënner vun der Cup2-Wäertung kéint an de Palmarès schreiwen.

© Andy Brücker
Den Tobias Müller ass de leschte Stint gefuer an et huet geheescht Sprit spueren, fir net nach mat eidelem Tank auszefalen. Ma hien hat iwwer 1 Minutt Avance op Plaz 2 an soumat konnt hie seng Avance geréieren an um 21.34 Auer iwwert den Zilstréch fueren, als Gewënner an der Cup2-Kategorie. Si haten um Enn 1min09 Virsprong op Plaz 2. Am General war et eng gutt 21. Plaz bei 110 Teams, déi a Wäertung koumen.
D'Freed an der Box war deementspriechend grouss! Och de Steve Jans war erliichtert... d'Victoire wier zwar viséiert gewiescht, ma et war alt nees bis op déi lescht Ronn spannend. En huet dann och direkt gesot, dass ee sech fir d'Course sonndes net géif zeréckleeën, ma et géif weiderhin heeschen Attack ze fueren, well een eben op Punkten an der Porsche Endurance Trophy fiert. Et géif Spaass maachen ënnert sou Konditioune Course ze fueren.
Wat seng eege Leeschtung am Auto ugeet, gesäit hien nach Loft no uewen. En ass jo déi lescht Joren op engem Mercedes GT3 gefuer, deemno huet et fir hie geheescht sech elo op de Cup-Auto vu Porsche ëmzewinnen. All Ronn géif him hëllefen an no deenen 3 Courssen, déi bis e Samschdeg den Owend gefuer goufen, plus nach déi vu sonndes, fillt hie sech gutt preparéiert op d'24h-Course Ufank Juni.
Gewonne gouf d'NLS3 vum Team Falken Motorsport op Porsche 911 GT3 R, virum Manthey-Porsche an dem Audi R8 LMS GT3 EVOII vum Team Scherer Sport PHX.
NLS4 um Sonndeg
D'Teams haten net vill Zäit sech auszerouen. Nodeems samschdes d'Course um 21.30 Auer ofgewonk gouf, stoung sonndes moies um 8.15 Auer nees de Qualifying fir d'Course mëttes um Programm. Déi ass iwwer 90 Minutte gaangen, éier du vun 10.40 Auer bis 11.40 Auer nach den Top Qualifying war.
Ma d'Jonge vu Black Falcon Team Losch 48 waren direkt nees fit, a konnten och an deem Qualifying d'Beschtzäit an hirer Klass fueren. De Start um 13 Auer ass de Steve Jans gefuer. Hien huet sech aus alle Reiwereien erausgehalen, wouduerch en awer seng Spëtzepositioun verluer huet. Et waren, grad ewéi déi 3 Coursse virdrun, nees 4 Stonne ze fueren, deemno nach genuch Zäit, fir sech nees no vir ze schaffen.
Bei dëser Course sollt et awer net duergoen, fir ëm d'Victoire ze fueren, och wann et awer nees bis déi lescht Ronn spannend war. Den Auto mat der Startnummer 121 konnt déi Kéier d'Victoire feieren, 6,7 Sekonne virun der Startnummer 122. Fir d'Nummer 148 mam Steve Jans, Tobias Müller an Noah Nagelsdiek ass et awer nach op de Podium gaangen, 17,8 Sekonnen hannert dem Gewënner a just 1,8 Sekonne viru Plaz 4.
An der Gesamtwäertung ass et Plaz 22 vun 99.
No 4 Coursse läit d'Black Falcon Team Losch 48 a Féierung an der Porsche Endurance Trophy, souwuel an der Teamwäertung, wéi och an der Pilotewäertung, all Kéiers mat 70 Punkten. Mühlner Motorsport (#122) kënnt op Plaz 2 mat 62 Punkten.
Bléck op d'24-Stonne-Course
Wann een déi knapp Ofstänn gesäit, déi et no enger 4-Stonne-Course ginn, kann ee sech och op eng spannend 24-Stonne-Course freeën. Dat ass dann och elo den nächste Rendez-vous deen usteet fir de Steve Jans a seng Co-Equipieren. Fir déi Course kréien déi dräi dann och nach Verstäerkung vun engem véierte Pilot, dat a Persoun vum Hollänner Morris Schuring, dee fir Manthey an der Laangstreckeweltmeeschterschaft op Porsche 911 GT3 fiert. Et ass een deemno beschtens opgestallt. Rendez-vous ass Enn Mee / Ufank Juni um Nürburgring!