International Medie mellen onofhängeg vuneneen, dass de Stardesigner Adrian Newey bei der Weltmeeschter-Ecurie d’Dier geklaakt huet.

D’Rumeure sinn net nei – elo sinn awer gutt informéiert Journalisten iwwerzeegt, dass den Adrian Newey a Red Bull an Zukunft getrennte Weeër ginn.

Déi däitsch Fachzeitung Auto Motor und Sport koum als éischt mat der Nouvelle, déi mëttlerweil vum englesche Magasinn Autosport a vum internationalen Online-Portal motorsport.com confirméiert goufen.

D’Kolleege wëllen onofhängeg vuneneen erausfonnt hunn, dass den Adrian Newey d’Direktioun vu Red Bull Racing schrëftlech informéiert huet, dass hien d'Ecurie verloosse wäert. Grond wär ënnert anerem de Skandal ronderëm de Red-Bull-Teamchef Christian Horner, dee jo vun enger Mataarbechterin "inapproriéiert Verhale" reprochéiert kritt. Donieft gouf et schonn déi lescht Woche Rumeuren, dass de Christian Horner dem Adrian Newey proposéiert hätt, sech an Zukunft net méi ëm de F1-Auto mee ëm den Hyper-Stroossenauto RB17 ze këmmeren – eng Propose, déi dem Stardesigner net wierklech gefall hätt.

Och wann déi Bedeelegt d’Kënnegung nach net offiziell confirméiert hunn, gëtt elo scho fläisseg spekuléiert, bei wéi een Team den Adrian Newey wiessele kéint. Zitt et hien an Italien bei Ferrari, fir do endlech mam Lewis Hamilton zesummenzeschaffen?

RTL

© Xavi Bonilla / DPPI Media / DPPI via AFP

Oder huet de Fernando Alonso virun dräi Woche bei Aston Martin verlängert, well de Spuenier wosst, dass den Adrian Newey bei déi Gréng wiessele wäert?

RTL

© CLIVE MASON / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Den Adrian Newey gëllt an der Formel als absolutten Designguru. De Britt huet an den 90er Jore fir Williams a McLaren geschafft, iert hien 2006 bei Red Bull gewiesselt ass. A sengem Palmarès stinn am ganzen 13 Fuerer- an 12 Constructeur-Weltmeeschter-Titelen.