Dës Woch koum d'Meldung, dass nieft dem Steve Jans nach e weidere Lëtzebuerger un den Depart vun der legendärer 24-Stonne-Course um Nürburgring geet.

Et handelt sech heibäi ëm den Dylan Pereira, dee mam Team Scherer Sport PHX untrëtt. Hei kéint een dovunner ausgoen, dass en dann op engem Audi R8 LMS fiert, ma deem ass net esou.

Nieft zwee R8en setzt d'Team Scherer och nach e Porsche 911 GT3 Cup2 an. D'Pilotebesetzung op deem Auto fält nawell zimmlech staark aus, wouduerch ee sech Hoffnungen op eng Victoire an der Cup2-Klass mécht.

Um Auto sëtzt nieft dem Dylan Pereira (26) och nach den zweefache Porsche-Super-Cup-Gewënner Larry ten Voorde (27), mat deem de Lëtzebuerger vill Saisonen ëm den Titel gekämpft huet. Am Joer 2022 war et jo den Dylan Pereira, dee sech deen Titel séchere konnt. Déi zwee Joer virdrun hat de ten Voorde d'Nues vir. Elo sëtzen déi zwee dann am selwechten Auto a fuere fir den nämmlechten Team.

Weider kënnt den 31 Joer alen Thomas Kiefer an den Asaz, fir deen et schonn de siwente Start bei der 24-Stonnen-Course ass. Komplettéiert gëtt de Quartett vum Christer Jöns, deen iwwer annerhalleft Joerzéngt Erfarung op der Nordschleife huet.

An der Cup2-Wäertung kritt d'Team ëm den Dylan Pereira et dann ënnert anerem mam Black Falcon Team 48 Losch ze dinn. Hei ass et de Lëtzebuerger Steve Jans, dee sech de Cockpit deelt mam Tobias Müller, dem Noah Nagelsdiek an dem Morris Schuring. No den éischten NLS-Courssen ziele si definitiv zu de Favoritten ëm d'Victoire an der Cup2-Wäertung.

RTL

© Andy Brücker

D'24-Stonne-Course gëtt e Samschdeg den 1. Juni um 16 Auer gestart. Am Virfeld ginn et vun en Donneschdeg den 30. Mee u schonn eng ganz Partie aner Courssen, respektiv de Qualifying. Den detailléierte Planning fannt Dir op 24h-rennen.de.