Dëse Weekend ginn am belschen Zolder d'Finals vun dem Euro Nascar Championnat 2024 gefuer.

Mat 51 Punkte Réckstand op de Leader Martin Doubek war de Lëtzebuerger Gil Linster voll motivéiert, bei der leschter Manche vum Joer unzegräifen. Um Freideg bei de fräien Trainingssëtzungen ass et net esou optimal gelaf. Um Lëtzebuerger senger Liblingsstreck goufen et als éischt Problemer mat der Boite an duerno huet den Differenzial gemeutert. Am Total konnt de Lëtzebuerger nëmmen aacht Ronne fueren, wat awer duergoung fir jeeweils déi drëtt Plaz a béiden Trainingen erauszefueren.

Um Samschden am Qualifying bei dréchenen 10 Grad Celsius huet de Lëtzebuerger den Toyota Camry #50 duerch de Bësch vu Limbourg gejot a mat 1:38.481 Minuten d‘Pole Position erausgefuer, dat virum Capelli #5 an dem Doubek#7. „Den Auto läit ganz gutt an dréint och ronn“, sot en zefriddene Gil Linster.

An der éischter Course vum Weekend huet de Lëtzebuerger sech direkt un d‘Spëtzt gesat an huet ganz kloer dominéiert. Dräi Ronne viru Schluss ass den Toyota Camry #50 op emol lues ginn a schliisslech an der Jacky Ickx Schikane an d‘Noutspuer gefuer a stoe bliwwen. D‘Mechaniker hunn e Kupplungsdefekt festgestallt.

Domat ginn et um Samschde keng Punkten am Championnat. „Et ass esou vill Pech dat do, ech wäert vill Plaze verléieren wéinst der Duebel-Punkte-Reegel. Dat war et dann“, sot en extrem enttäuschte Linster no der Course. „Et deet ëmsou méi wéi well ech, mat der Ënnerstëtzung vun de sëllege Lëtzebuerger Fans, vir war an alles ënner Kontroll hat. Déi Course vu muer ass da just nach fir d‘Galerie“, sou de Lëtzebuerger weider. Gewonnen huet de Capelli #5 virum Doubek #7 an dem Krasonis #46.