Huelt Ären Agenda eraus! De kompletten F1-Zäitplang 2025 ass do

© Formula One
De Kalenner fir d’F1-Saison 2025 war scho méi laang bekannt. Elo koum de kompletten Zäitplang mat allen Auerzäiten no.
D’Saison 2025 fänkt Mëtt Mäerz an Australien un. Wien also wësse wëllt, wat déi ganz Zäite vun de Wantertester wierklech wäert sinn; wie gewuer wëllt ginn, wéi eng Ecurien am beschten an déi nei Saison starten; wie virwëtzeg ass, wéi gutt de Lewis Hamilton sech bei der Scuderia Ferrari agelieft huet, dee muss also ganz fréi opstoen. Elo ass gewosst, wéi fréi! Den éischte fräien Training ass eiser Zäit fir freides moies um 2.30 Auer ugesat. Den éischte Qualifying vun der Saison ass eiser Zäit samschdes um 6 Auer an den Depart vun der Melbourne-Course ass sonndes moies um 5 Auer.
Och déi zwee Weekender duerno, beim Grousse Präis vu China a beim Grousse Präis vu Japan, ginn et Fréibiren. Eréischt Mëtt Abrëll bei de Courssen op der arabescher Hallefinsel lafen d’F1-Séancen zu méi “normalen Zäiten”.
Den Zäitplang 2025 ass quasi eng copie conforme vu leschter Saison. Well vereenzelt Courssen am Kalenner geréckelt goufen, ginn et awer minimal Changementer am Zäitplang (well se elo par rapport zu de jeeweilege Summer-/Wanterzäiten aneschters falen). Den eenzege richtegen Update gëtt et fir Las Vegas. Do goufen alleguer d’Seancen ëm zwou Stonnen no vir geréckelt. D’F1 reagéiert domadder op d’Reklamatioune vun den Awunner an den Autoritéite vu Las Vegas, déi gefrot haten, dass d’Stroossen an der Casino-Metropol an Zukunft méi fréi erëm fir den Trafic opginn.
D’F1-Saison 2025 op RTL Lëtzebuerg: wéi gewinnt live op RTL ZWEE an RTL PLAY
RTL Lëtzebuerg wäert och dëst Joer déi komplett F1-Saison live iwwerdroen. D’Sprint-Seancen, d’Qualifikatiounen an d’Coursse ginn alleguer op RTL ZWEE an am Stream op RTL PLAY diffuséiert. Fir d’Ouverture vun der Saison an Australien, fir alleguer déi europäesch Courssen a fir d’Finall zu Abu Dhabi weise mir och d’Fräi Traininge parallel op RTL ZWEE an RTL PLAY. All déi aner Fräi Trainingen lafen exklusiv am Stream op RTL PLAY.
De kompletten Iwwerbléck vun eisen F1-Iwwerdrounge fannt Dir an eisem “Kalenner & Zäitplang Saison 2025”.
Och dëst Joer wäert Iech déi gewinnten RTL-Ekipp duerch d’F1-Saison begleeden. Den Tom Hoffmann, de Franky Hippert an de Serge Pauly wäerten déi verschidde Seancë kommentéieren an dobäi erëm op d’Ënnerstëtzung vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl zielen.
Ee klenge Changement gëtt et dës Saison awer fir d’Utilisateure vum F1-Stream op RTL PLAY. D’Formel 1 féiert nämlech méi streng Anti-Piratage-Reegelen an. Wien an Zukunft d’Formel 1 live oder am Replay op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech dowéinst virdru mat sengem RTL-Login umellen. Fir d’F1-Contenuen op RTL PLAY muss een awer och an Zukunft wuelverstanen näischt bezuelen.