De Porsche Sprint Challenge Southern Europe ass fir vill Piloten aus de verschiddene Meeschterschafte vum Carrera Cup déi optimal Virbereedung op d'Saison.

Och fir den 18 Joer alen Chester Kieffer war et no engem Léierjoer an der Formel 4 de perfekten Astig mam ganz usprochsvolle Porsche GT3 Cup. Direkt beim Saisonsoptakt a Portugal huet den ambitionéierte Lëtzebuerger et op d'Pole Positioun gepackt, am zweete Laf ass hien e Podium erausgefuer an nom drëtte Course-Weekend zu Valencia hat hien den Titel als beschte Rookie schonn an der Täsch an och am General louch hien op der drëtter Plaz mat zwee Punkten hannert him de Sascha Norden. Souverän a Féierung louch de Flynn Schuring, dee wéi den Chester Kieffer fir d'Team Schumacher CLRT fiert.

Beim Showdown op der F1-Streck vu Barcelona war d’Konkurrenz grouss. Et war déi lescht Course virun de verschiddenen nationale Meeschterschaften. An der éischter Manche ass de Lëtzebuerger als 13. an d'Course gaangen, hat awer dunn e schlechte Start. Duerch en Accident war d'Rennen du fir de Lëtzebuerger eriwwer.

Gléck am Ongléck Fir de Lëtzebuerger: Och de Sacha Norden konnt keng Punkten huelen, well dësen 20 Strofsekonne krut.

Dem Chester Kieffer seng Ekipp huet Gas ginn a krut säi Gefier an den zwou Stonnen tëscht den zwou Courssen nees op d'Streck. De Lëtzebuerger ass als 9. eragaangen an huet missten alles ginn, fir seng Plaz um Podium ze verdeedegen. Et sollt den Duell Norden-Kieffer ginn. A laang hat et dono ausgesinn, wéi wann den Hollänner sech déi lescht Podiumsplaz géif sécheren, well no engem Feeler war den Chester Kieffer zeréckgefall. An der leschter Ronn war nach een Auto tëscht béide Piloten, wat dem Norden duergaange wier, fir de Podium ze kréien. Den Auto tëscht den zwee Konkurrenten ëm déi drëtte Plaz konnt den Norden dunn nach kuerz viru Schluss iwwerhuelen an domadder dem Kieffer, deen hannert dem Hollänner an d'Zil koum, awer nach déi drëtte Plaz am Generalklassement sécheren.

Reaktiounen no der Course:

No der Course sot dem Chester Kieffer säin erfuerene perséinleche Coach Stéphane Daoudi: "Eng geckeg Course, mir wossten, datt den Chester huet missten direkt um Norden dru sinn an ech ka mech elo mol net méi un alles erënneren, wat hei passéiert ass. Ma d’Haaptsaach ass, datt den Chester eng wierklech schéi Meeschterschaft gefuer ass mat engem onwarscheinlechen Iwwerhuelmanöver op der Bausselinn de leschte Weekend."

Den ambitionéierte Sportler seet selwer: "Déi 2. Course war richteg, richteg spannend. Net nëmme fir d’Zuschauer, ma och fir mech. Ech koum gutt fort, louch direkt  hannert dem Norden op 7, ma no engem 2. Safety-Car-Restart kommen ech ee bëssen op d’Gras a verléieren zwou Plazen. Domadder war de Norden vir. An och wann ech nees méi no un hie koum, esou louch nach ëmmer een Auto tëscht eis Zwee. Wat him duer goung."

Nach ëmmer ee bëssi ongleeweg, erzielt den Chester Kieffer:"Am leschten Tour vun der leschter Course huet sech déi drëtt Plaz ofgespillt, wéi deen Auto den Norden nach iwwerholl huet."

Chester Kieffer am Porsche Carrera Cup Frankräich am Asaz

Als Drëtte vum Porsche Sprint Challenge Southern Europe start den Chester Kieffer dës Woch schonns seng Virbereedung op de franséische Porsche Carrera Cup mat enger éischter Course Ufank Abrëll och zu Barcelona.